© afp
Iwwert kaum ee Club ginn et esou vill Mythen a Legenden ewéi iwwert de Berghain. D'Berliner Institutioun ass säit ville Joren ee vun deene beschte Clubs op der Welt a bekannt fir seng strikt Politik un der Dier. Mee wéi kënnt ee laanscht den Türsteeër? Déi Fro gouf elo wëssenschaftlech ënnersicht.
En internationalt Fuerscherteam vun der Technischen Universität Berlin a weideren Héichschoulen huet 38 Interviews mat Türsteeër, Besëtzer vu Clubs, Organisateuren, DJs, Security a Party-Gäscht gemaach. Si hunn ausserdeem Medieberichter, Archivmaterial a 500 konkret Situatiounen un der Dier vum Berghain analyséiert, wéi Leit eragelooss goufen, oder eben och net.
D'Resultat: Net eleng den Outfit oder Kenntnisser vun der Zeen sinn entscheedend. Ausschlaggebend ass virun allem wéi eng Persoun sech an der Schlaang verhält. Weist se Ausstralung? Schwätzt se mat anere Leit? Wéi wierkt d'Persoun? Et muss ee sech also gläichzäiteg upassen an awer iergendwéi individuell erausstiechen - bësse paradox. Och gëllt: Wien zur Diversitéit vum Club bäidroe kann, huet besser Chancen eranzekommen.
Definitiv net eran kënnt ee wann ee schonn ze vill Alkohol consomméiert huet, sech aggressiv oder onsozial verhält.