
© AFP
... 50 Joer grënnen de Bill Gates an de Paul Allen zu Albuquerque a Nei Mexiko eng Softwarefirma, déi spéider ënnert dem Numm Microsoft zum weltwäit gréissten Acteur um Gebitt vun der Hard- a Software wäert ginn.
De Kongress vun de Vereenegte Staate leet 1818 an engem Gesetz fest, wéi hire neie Nationalfändel ausgesi soll. Dëse wäert 7 rout a 6 wäiss Sträifen hunn, déi fir déi 13 Grënnungsstaate stinn, an uewe lénks an engem bloe Feld jeeweils ee wäisse Stär fir all Memberstaat. Wéi dës arrangéiert ginn, gëtt réischt 1912 festgeluecht. D'Faarwe rout wäiss blo hunn hiren Ursprong am brittesche Union Jack.
Zu Washington gëtt 1949 de Nordatlantikvertrag ënnerschriwwen. 12 Staaten, dorënner Lëtzebuerg, grënnen domat d'NATO. Entretemps sinn 32 Länner Member an der North Atlantic Treaty Organization, déi e Verdeedegungsbündnis zum gemeinsame Schutz vum eegenen Terrain ass. Ziler si weltwäit politesch Sécherheet a Stabilitéit.
Haut viru 65 Joer gëtt Ben Hur mat 11 Oscaren ausgezeechent. De Monumentalfilm mam Charlton Heston an der Haaptroll huet e Budget vun 15 Milliounen Dollar an zielt zu den opwännegste Produktioune vun allen Zäiten. Zesumme mat Titanic a Lord of the Rings ass et bis haut den erfollegräichste Film bei den Academy Awards.
Um Balcon vun engem Motel zu Memphis gëtt 1968 de Martin Luther King erschoss. De presuméierte Mäerder James Earl Ray gëtt 2 Méint méi spéit zu London, beim dem Versuch sech a Rhodesien ofzesetzen, festgeholl an zu 100 Joer Prisong verurteelt. An der Suite vum Uschlag kënnt et zu schwéieren Onrouen an den USA. Ob de Ray wierklech de Mäerder war, gëtt bis haut ugezweiwelt.
1973 ass et déi offiziell Aweiung vum World Trade Center zu New York. Scho 1970, wéi den éischten Tuerm mol nach net fäerdeg gebaut war, koumen déi éischt Locatairen dran. Kärstéck vum Büroskomplex mat 7 Gebaier sinn déi weltbekannten Zwillingstierm. Ofschloss vum ganze Chantier wäert eréischt 1977 sinn.
Nodeems se am Februar hir Trennung annoncéiert haten, hunn Take That 1996 hire virleefeg leschten Optrëtt. No der Performance an der Géigend vun Amsterdam brauche weltwäit dausenden Teenagere moralesche Bäistand. 9 Joer méi spéit kënnt et zum Comeback - virleefeg nach ouni Robbie Williams.