Dëse Samschden ab 18:00 Auer ass zu Schëffleng am Stade Jean Jacoby déi alleréischt "Beermile" hei zu Lëtzebuerg. Et ass déi perfekt Kombinatioun aus Sport, Kompetitioun a Loisir.

27/03/2025 Beermile Luxembourg

Beermile - dat si véier Ronne Lafen à 400 Meter an all Ronn eng Béier. Am Ufank vun all Ronn gëtt et eng Zon vun 9 Meter an där een de Béier muss gedronk hunn, soss gëtt et eng Strofronn. No deene véier Ronnen an deene véier Béier ass een also 1,6 Kilometer gelaf an et huet een 1,3 Liter Béier gedronk.

Beermile ass eng international Franchise déi elo also och op Lëtzebuerg kënnt. D'Organisatiounsekipp ronderëm de Gilles Schweitzer huet enk mat där belscher Beermile zesummegeschafft - och beim Choix vum Béier. Wärend der Beermile kritt een alkoholfräien oder Pils Béier vun der belscher Mark "Tout Bien" ze drénken.

No der Beermile-Course gëtt et och e Beerpong-Turnéier an eng Afterparty. Zu Schëffleng gëtt de Weekend dann och de lëtzebuergesche Beermile-Champion gekréint. Gläichzäiteg huet een d'Chance, sech mat enger richteg gudder Zäit fir d'Beermile-Weltmeeschterschaften d'nächst Joer a Portugal ze qualifizéieren.

RTL

© luxbeermile