
© Christian Rose / Roger-Viollet via AFP
"Eng Inspiratioun fir d'Liewen, an eng Kraaft fir mat de Contrainte vum Alldag fäerdeg ze ginn." Esou huet den Eric Clapton emol seng Affinitéit zum Blues beschriwwen. De Gittarist, deen se "Slowhand" nennen, gëtt haut 80 Joer al. E Portrait.
Fir säin 13. Gebuertsdag kritt den Eric Clapton seng éischt Gittar geschenkt - un där hien ugangs awer kee Spaass huet. Fir positiv Inspiratioun suergt ënnert anerem de Museksprogramm vu Radio Luxembourg. Blues a Rhythm n' Blues hunn him et ugedoen. Ufank de 60er Jore kommen zu London éischt Succèse mat de Yardbirds. Den Duerchbroch geléngt mam John Mayall senge Bluesbreakers.
De Spëtznumm Slowhand kënnt dohier, dass hie seng dënn Gittaresäiten dacks wärend de Concerte wiessele muss. Déi Zäit gëtt vum Publikum mat luesem Klappen an d'Hänn iwwerbréckt. Den Ausdrock Slowhand gëtt esou gebuer, an hält bis haut. Hie gëtt séier e Star, spéitstens mat der Supergroup Cream steet de Clapton op engem Träpplek mat Stones a Beatles. Séier geet et och weider bei Blind Faith, a vun do bei Derek and the Dominos. Do entsteet 1970 de Kultsong Layla. Eng Libeserklärung un dem Beatle George Harrison seng Fra Pattie Boyd, déi hie spéider bestuede wäert.
Du kommen Drogen an d'Spill. Säi Cover vum Bob Marley-Hit I shot the Sheriff gëtt seng éischt Nummer 1 Single an Amerika. Kaum fort vun den Drogen, ass et elo den Alkohol, deen dem virtuose Gittarist zousetzt. Réischt Enn den 80er ass de Clapton erëm souwäit an der Rei. Du fält 1991 säi 4 Joer ale Bouf Conor aus dem 53. Stack vun engem Héichhaus zu New York. Seng Trauer verschafft hien am Lidd Tears in Heaven. Déi Kéier verfält de brittesche Museker net sengen Dämonen, a gëtt par konter mat 6 Grammyen ausgezeechent fir säin "MTV Unplugged" Album. 1998 mécht hie seng Drogeklinik op Antigua op, fir Süchtegen eng nei Chance ze ginn.
Den Eric Clapton ass zanterhier eng "valeur sûre" an der Welt vum Rock a vum Blues. Vill Stare wëlle mat him zesummeschaffen, seng Concerte sinn ëmmer ausverkaaft, seng Placke verkafe sech weider gutt, och wann en hei an do mol mat senger Meenung uneckt, wéi z.B. wärend der Covid-Pandemie. 280 Millioune Placken huet den Eric Clapton a senger laanger Karriär verkaaft. An d'Pensioun goe kënnt fir hie net a Fro. Leschten Hierscht ass eréischt e neien Album erauskomm, elo am Fréijoer wäert en erëm op Tour goen.