
© Patrick Greis
Eisen Immunsystem ass eng Zort Barrière, déi erof bleift, wann et drop ukënnz. A wann een bis verstanen huet wéi e funktionéiert, kann een och eppes derfir maachen. Den Dr Marc Keipes, aus dem GesondheetsZenter op der Gare, gëtt eis dofir de gudde Rot, net just ze kucken wéi mer den Immunsystem stäerken mee fir d'éischt, wéi mer en net schwächen.
Eisen Immunsystem wiert sech och géint Saachen, also Viren, Bakterien an aner Substanzen déi mir nach guer net begéint hunn. Heiansdo, wiert e sech e bësschen ze hefteg wéi bei verschiddenen Allergien oder Autoimmunerkrankungen. Et ass also och beim Immunsystem eng Saach vum Equiliber tëscht Aggressioun an Entspanung. Am Gläichgewiicht ass den Immunsystem am Beschten. Eise Liewensstil beaflosst deen Immunsystem ganz vill. Wat ass wichteg, wéi ëmmer: Gesond Ernierung, genuch Schlof, genuch Beweegung, mee och, an dat ass vläicht ënnerschat, net ze vill Stress.
Dobäi schwätzt een dach ëmmer vun deem positive Stress. Awer Stress ass Gëft fir de Kierper an den Immunsystem.
Stress bréngt e Cortisolstuerm an dat schwächt den Immunsystem. Awer Stress dee vun baussen kennt, Schaff, Privatliewen kënne mer jo net beaflossen, oder? Richteg, mee mir kënnen eis preparéieren an trainéieren. Fir an der Formel 1 matzegoen, muss een e Won prett maachen, den Drock an de Pneuen kontrolléieren etc. Genausou kënne mer eis och preparéieren op Stress. Oder, dono, wann et dann awer geschitt ass, d'Roserei, d'Frustratioun mat engem Spadséierwee am Bësch erëm besseren. Dat hieft, an dat ass bewisen, déi natural Killercells, et ass d'Police vum Immunsystem. A Japan, kann een als Dokter esouguer, 'Waldbaden' verschreiwen. Zu Lëtzebuerg fënnt een bal iwwerall e Bësch. Gitt dohinner, otemt, relaxéiert, da bleift dir gesond.