... 210 Joer brécht an Indonesien de Vulkan Tambora aus. Réischt 14 Deeg a ronn 100.000 Doudesaffer méi spéit berouegt en sech rëm. Duerch den ausgeléiste vulkanesche Wanter kënnt et souguer an Europa zu Hongersnéit.

05/04/2025 Haut virun...

1874 ass et zu Wien d'Uropféierung vum Johann Strauss senger Operett Die Fledermaus. Zesumme mam Zigeunerbaron a mat der Nacht in Venedig ass et den Héichpunkt vun de Wiener Operetten. Bis haut ass den Dräiakter am Repertoire vun de groussen Orchesteren.

Per Dekret verbitt den US-President Franklin D. Roosevelt 1933 de private Besëtz vu Gold, Goldmënzen an -zertifikaten. Des Moossnam baséiert op engem nationale Noutstand a soll der Stabilitéit vum US-Dollar déngen, an deem senger Entwäertung duerch d'Flucht a materiell Wäerter virbeugen.

1951 ass et den Héichpunkt vun der McCarthy-Ära, déi am Ufank vum Kale Krich gepräägt ass vun der Angscht virum Kommunismus. Déi jiddesch Koppel Ethel an Julius Rosenberg ginn, trotz dënne Beweiser, wéinst dem presuméierten Verrode vun Atomgeheimnisser un d'UdSSR zum Doud verurteelt an trotz internationale Protester gutt 2 Méint méi spéit exekutéiert.

Tëscht Vancouver Island an dem kanadesche Festland gëtt 1958 den Ënnerwaasserbierg Ripple Rock gesprengt, well en eng ze grouss Gefor fir d'Schëfffaart ass. Déi national Tëlee iwwerdréit live, wéi déi 1.375 Tonne Sprengstoff explodéieren. Et ass eng vun de gréisste konventionellen Explosioune vun allen Zäite, bei där 370.000 Tonne Steen an 320.000 Tonne Waasser beweegt ginn.

Zu West-Berlin ass et 1986 en Uschlag op d'Diskothéik La Belle, déi gäre vun amerikaneschen Zaldote frequentéiert gëtt. 3 Doudeger sinn ze bekloen. Bei den Ermëttlunge kënnt spéider eraus, dass de libesche Geheimdéngscht ënnert der Regierung Gaddafi dohanner stécht, ënnerstëtzt vun der Stasi. Libyen muss den Hannerbliwwenen duerno 315 Milliounen Dollar bezuelen.

1992 kritt déi jugoslawesch Volleksarméi a Bosnien-Herzegowina d'Kontroll iwwert de Flughafe vu Sarajewo. Et ass den Ufank vun der Belagerung vun der Stad, déi bis Enn Februar 1996 dauere wäert. Wärend där längster Belagerung am 20. Joerhonnert stierwe méi wéi 10.000 Leit, ronn 50.000 ginn zum Deel schwéier blesséiert.

Haut virun engem Joer krit Simbabwe eng nei Wärung. De Simbabwe Gold (ZiG) ersetzt dobäi de Simbabwe Dollar. D'Wärung ass duerch Gold gedeckt a soll esou der héijer Inflatioun entgéintwierken. 13,56 ZiG entspriechen ugangs engem US-Dollar. Entretemps ass hir nei Wärung trotzdeem awer rëm staark ofgewäert ginn.