
© Actor Jeff Goldblum poses with his family by his Hollywood Walk of Fame Star during the unveiling ceremony in Hollywood, California on June 14, 2018 © AFP/Frederic J. BROWN
Et ass och net déi éischte Kéier, datt den Jeff Goldblum op Lëtzebuerg kënnt mam ''The Mildred Snitzer Orchesta''. All déi, déi virun 2 Joer begeeschtert waren, an och déi, déi keng Plaz méi kruten, kënnen sech elo op de 26. Abrëll freeën, well dann ass den amerikanesche Superstar an der Rockhal op Besuch. Och fir den Net-Jazzkenner ass den Optrëtt vum Jeff Goldblum ze recommandéieren. Den amerikaneschen Acteur erzielt wéi hien op de Goût vum Jazz koum.
Bei mir an dem Jazz war et esou: Dat ass eppes, wat a mir ass, wéi wann een e Sënn fir Humor huet oder esou. Ech hu scho fräi Pianosunterricht kritt, wéi ech Kand war zu Pittsburgh a wéi méi Proff mir do en Arrangement ginn huet fir datt ech Synkopen hu misse maachen, also rhythmesch Konstellatiounen..Do hunn ech gespillt ....Ech weess net, dee Beat, dee Swing huet eppes, wat ech gären hunn. Och e funky Beat an dat bréngt mech a Schwong.
Et soll een opbleiwe fir all Genre vu Musek. Fir seng Jazzalben huet den Jeff Goldblum elo net direkt just Jazz-Gréisste matschaffe gelooss.
Du hues Recht, do si Fiona Apple, Miley Cyrus, Gregory Porter, einfach super, dann och Kelly Clarkson. A jo richteg, mir haten elo keng Strategie, et war iergendwéi organesch. Eng Saach huet bei déi aner gefouert a wierklech, wéi ech de Film ''Wicked'' gemaach hunn, wou elo den zweeten Deel méi spéit an dësem Joer erauskënnt, do hunn ech d'Ariana an d'Cynthia kenne geléiert. Esou fantastesch, super Actricen a Musekerinnen a mir koumen an d'Gespréich iwwert d'Sangen an esou huet sech dat entwéckelt.
Do kann een awer och nach gären d'Scarlett Johansson nennen, déi mam ''The Mildred Snitzer Orchestra'' zesumme Musek gemaach huet. Villes ass spontan an iwwerraschend entstanen. Och wa seng éischt Leidenschaft d'Schauspillerei ass, ass d'Musek ëmmer do gewiescht.
De ganzen Interview mam Jeff Goldblum héiert Dir op RTL Play
oder op RTL Today
RDV ass an der Rockhal mam ''Jeff Goldblum & The Mildred Snitzer Orchestra'' de 26. Abrëll