
E Samschden den 29. Mäerz invitéiert den FC Schengen op e Promi-Turnéier. Vu 16.00 Auer un ass um Terrain zu Rëmerschen eng méi lass. Um 17.00 Auer gëtt de Match ugepaff. Den Tom Weber vum FC Schengen huet am RTL-Interview verrode wéi eng Promien do mat dobäi sinn a wat soss nach alles op der Plaz gebuede gëtt.
27/03/2025 Promi Tournéier Schengen
Programm:
16:00: Warm Up
17:00: Kick Off 1. Halbzäit
17:35: Mini Kick Off
18:00: Kick Off 2. Halbzäit
18:30: Remise Chèque + Tirage Tombola
19:00: After Party
Zousätzlech zum Match erwaarden iech e Sprangschlass fir d'Kanner, eng Tombola (mat engem signéierte Trikot vun der FLF) a selbstverständlech och Gegrilltes.
Am meeschte gelies