... 82 Joer kënnt zu New York dem Antoine de Saint-Exupéry säi Buch Le Petit Prince eraus. De Plädoyer fir Frëndschaft a Mënschlechkeet ass entretemps a méi wéi 600 Sproochen an Dialekter iwwersat ginn.

06/04/2025 Haut virun...

Haut virun 160 Joer grënne 5 däitsch Geschäftsleit a Chemiker zu Mannheim déi Badische Anilin und Soda Fabrik. Ofgekierzt gëtt hir Aktiegesellschaft mat den Ufanksbuschtawe BASF, déi sech an der Suite zur weltgréisster Chemie-Entreprise mat Dependancen an 93 Länner entwéckele wäert.

1917 erklären d'USA dem Däitsche Räich de Krich. D'Vereenegt Staate leeën dobäi drop Wäert, dass si am Éischte Weltkrich domat net Deel vun der sougenannter Triple Entente aus Groussbritannien, Frankräich a Russland ginn, mä just eng associéiert Muecht duerstellen. Si wëllen sech esou d'Méiglechkeet vun enger potentieller Vermëttlerroll ophalen.

Haut virun 82 Joer kënnt zu New York dem Antoine de Saint-Exupéry säi Buch Le Petit Prince eraus. D'Erzielung iwwer moralescht Denken ass e modernt Konschtmärchen, dat als Plädoyer fir Frëndschaft a Mënschlechkeet gesi gëtt, an entretemps a méi wéi 600 Sproochen an Dialekter iwwersat ginn ass.

Mat Waterloo gewannen ABBA haut virun 51 Joer de Grand Prix Eurovision de la Chanson zu Brighton a Groussbritannien. Dësen Optrëtt leet de Grondsteen vun hirer exzeptioneller Karriär. Genee 25 Joer méi spéit ass et zu London d'Première vum ABBA-Musical Mamma Mia!.

Däitschland, DDR an Éisträich féiere 1980 d'Summerzäit an. No der Uelegkris vu 1977 war dat schonn an de meeschten europäesche Länner, dorënner Lëtzebuerg, de Fall gewiescht. Réischt 1996 wäert d'Zäitëmstellung an der ganzer Europäescher Unioun agefouert ginn.

1994 fänkt de Genozid a Ruanda u mam Ofschoss vun engem Fliger, an deem de ruandeschen an de burundesche Staatspresident sëtzen. An de nächste ronn 100 Deeg wäerte Membere vun den Hutu ronn 800.000 Leit aus der Tutsi-Minoritéit ëmbréngen, grad sou wéi Persounen aus den eegene Reien, déi sech géint dëse Vëlkermord wieren.

Dee selwechten Dag, um 6. Abrëll 1994, gëtt a Presenz vun der Queen Elizabeth II. an dem franséische President François Mitterand den Eurotunnel ënner dem Äermelkanal ageweit. Mat 38 vu senge 50km ënnert der Manche geleeën, ass et dee längsten Ënnerwaassertunnel vun der Welt. D'Aarbechten hate 1987 ugefaangen a sinn um Enn mat 15 Milliarden Euro duebel sou héich ausgefall wéi ugangs erwaart.