Nieft de Motoe sinn dëse Samschdeg och d'Cycliste fir de gudden Zweck op eise Stroossen am Asaz. Dat fir déi 11. Kéier.

21/04/2025 Télévie: Den DHL Télévie on Tour

Den DHL Télévie on Tour ass viru ville Jore vum RTL Group an d'Liewe geruff ginn an zanter 7 Joer huet "Cycling For Health" dës Missioun iwwerholl. Sou och dëst Joer. An dat mat ronn 80 Cyclisten. Alberto Morandini:

"Dëst Joer geet et wéi all Joer hei an der RTL City fort an da fuere mer Richtung Rodange. Dono fuere mer an déi aner Centres de promesses, dat ass Dippech a Käerch."

Solidaritéit am Grupp, sou de Motto vum Vëlostour:

"Mir fueren alleguerten zesummen hei bei RTL fort a mir kommen och alleguerten hei zesummen un. Mir hunn natierlech och Minibusser hannendrun am Fall wou deen een oder aneren e bëssi midd gëtt ënnerwee well et sinn awer 105-110 Kilometer."

Do kann een d'Bee scho mol midd kréien. Fir dass dat Ganzt sécher iwwert d'Bün geet a kee Cyclist zu Schued kënnt, gëtt d'Sécherheet grouss geschriwwen:

"Op alle Fall. Mir fueren all zesummen, et gëtt een Tempo gefuer, et ass keng Course a mir hunn en Auto virdrun deen d'Stroosse versicht sécher ze maachen an Autoen hannendrun. An effektiv stéiert dat dann e bëssen am Verkéier mee et ass fir de gudden Zweck."

Zil vun dëser flotter Initiative ass et, wéi sollt et och anescht sinn, d'Kriibsfuerschung hei zu Lëtzebuerg ze ënnerstëtzen an do kann och jiddereen dee méi oder manner am Vëlofuere geüübt ass, matfueren. Ënnert enger Konditioun:

"Do muss ee sech umellen, mir schécken ëmmer Ufanks des Jores Invitatiounen eraus, mir hunn eis Sponsoren déi natierlech Prioritéit hunn. Déi hunn dann e puer Plazen ze gutt. An da gëtt all Cyclist dee scho matgefuer ass oder och neier ginn ugeschriwwen an déi kënne sech dann iwwert eise Site cycling for health umellen an da kréie se och deen Dag en Trikot deen dann och jidderee soll undoen."

Well een aus Sécherheetsgrënn op 80 Cycliste limitéiert ass, sinn d'Umeldunge fir dëst Joer zou. Wien awer nächst Joer wëll mat dobäi sinn, dee ka sech awer elo scho manifestéieren:

"Iwwert eise Site cycling for health kann dee sech mellen a soen, dass en nächst Joer wëll dobäi sinn, da kritt en och eng Invitatioun. Mee mir schécken awer reegelméisseg Invitatioune fort sou wéi mir och Invitatioune fortschécke fir déi aner Organisatiounen déi mer maachen."

Wann Dir dëse Samschdeg deemno eng Grupp Cycliste virun Iech hutt wann Dir mam Auto ënnerwee sidd, da bréngt w.e.g. e bëssi Gedold mat well et ass wéi gesot fir de gudden Zweck wou déi Dammen an Hären duerch d'Land fueren.