Wien un den Télévie denkt, kënnt net laanscht d'Fondatioun Kiwanis. Si sinn et déi d'Spende vum Télévie geréieren an dofir däerfe si e Samschdeg um Télévie Dag natierlech net feelen.

21/04/2025 Télévie 2025: De Kiwanis Bus

Rendez-vous ass Moies um Kierchbierg, Diane Wunsch, Coordinatrice vum Télévie:

"Mir treffen eis ëmmer hei an der RTL City. Da gi se natierlech verwinnt mat Kaffi a Croissanten, sou wéi sech dat gehéiert. An da fuere mer hei lass géint hallwer 10, fir d'éischt an de Centre de promesses op Schengen, da komme mer op Rodange, da si mer zu Dippech respektiv zu Schuller well si hiren Zenter zu Schuller hunn. An dono fuere mer dann op Käerch bei déi schéi Buerg an da komme mer zréck an d'RTL City."

An deem Bus huelen dann och eng ganz Partie Leit Plaz:

"Dat si ganz vill Vertrieder vun der Fondatioun Kiwanis an dann hu mer hei zu Lëtzebuerg 10 verschidde Kiwanis Clibb. Do sinn natierlech ganz vill Memberen dobäi a wéi all Joer hu mir och Leit aus dem Ausland dran."

De Kiwanis Bus ass natierlech net ouni Grond de ganze Samschdeg ënnerwee:

"Mir wëllen als Fondatioun Kiwanis a Membere vu Kiwanis Clibb all deene Leit déi méintelaang déi benevole Aarbecht gemaach hunn, éischtens Merci soen an zweetens fir ze kucke wat si alles an deenen Zentren opgeriicht hu well dat ass eng Heeden Aarbecht. An ech invitéiere wierklech all Mënsch bei iergend en Zenter Moie soen ze goen an deene Leit doduerch Merci ze soen."

Rendez-vous deemno dëse Samschdeg an engem vun de Centre de Promesses vum Télévie, sief dat zu Schengen, zu Rodange, zu Schuller oder zu Käerch. Vill flott Stänn an Animatioune waarden do op Iech!