Um groussen Dag vum Télévie, also dëse Samschdeg, sinn nees eng ganz Partie Leit um Dill. Dat fir sou vill wéi méiglech Sue fir d'Lutte géint de Kriibs ze sammelen. Ma net nëmmen an deene verschiddene Centres de promesses wäert vill lass sinn, och op eise Stroosse wäert een net laanscht den Télévie kommen. Sou kann et sinn, dass Dir eventuell dem Party Bus vum Dream Team 2.0. wäert begéine wann Dir mam Auto ënnerwee sidd.

21/04/2025 Télévie: Dream Team 2.0

Wie sech dohannert verstoppt, erkläert de Marc Oberweis:

"Mir sinn u sech e Grupp vun Ex-Sportler, Politiker oder awer och Sponsoren déi mer mat an d'Boot geholl hunn a mir fueren den Dag vum Télévie duerch d'Centres de promesses mat engem Party-Bus a spillen dann do eng Sportaart géint lokal Ekippen aus deem jeeweilege Centre de promesses."

Lass geet den Tour Moies an der RTL City:

"An da fuere mer op Käerch. Vu Käerch fuere mer dann op Dippech an sinn dann zu Schengen am leschten Deel vun eisem Tour. Rodange loosse mer aus well et géing ze vill gi fir eis a well dat e Centre permanent ass, hu mer decidéiert, dass mer do net all Joer hi ginn."

Am ganze wäerten e Samschdeg fir d'Dream Team 2.0 eng ronn 40 Leit am Asaz sinn. Wien alles mat dobäi ass, bleift ëmmer bis dee leschte Moment spannend:

"Also et ass all Joer e bësse komplizéiert am Virfeld sech dozou ze äussere well déi Leit alleguerten e ganz chargéierte Programm hunn. Da sinn ëmmer nach Leit déi sech a leschter Minutt ofmelle respektiv nach no-nominéiert ginn. Wann ech elo awer mol iwwert eis Lëscht kucke vun deenen déi elo mol confirméiert hunn, da sinn do aus der Politik zum Beispill e Mandy Minella, e Barbara Augustino, e Liz Braz. Dann hu mer nach de Georges Mischo, aktuelle Minister, mat dobäi. Aus dem Sport hu mer de Gilles Müller, mir hunn eng ganz Partie Ex-Fussballspiller dobäi wéi de Manuel Cardoni, en Ex-Nationalspiller."

Mat dobäi sinn awer och nach d'Sponsoren déi dat Ganzt, nieft de Leit déi matmaachen an eng Cotisatioun dofir bezuelen, finanzéiere well ouni si wier deen Tour net méiglech. Et geet dann hei och net ëm grouss sportlech Leeschtungen:

"De Spaass an de gudden Zweck stinn am Vierdergrond, déi sportlech Ambitiounen déi sinn net ganz sou wichteg. Et ass ëmmer flott wann ee ka géint déi lokal Ekippen untrieden a mat hinne moossen, mee nach eng Kéier et geet ëmmer méi ëm de gudden Zweck an ëm de Spaass wéi ëm e gutt Resultat."

Wann och Dir d'Dream Team 2.0 an Aktioun wëllt gesinn, dann ass dat wéi gesot dëse Samschden am Kader vum Télévie an engem vun de Centres de promesses.