Fir den Ofschloss vun der grousser Télévie-Woch ass och d'Team vum Luxembourg Song Contest mat der Gewënnerin um Tour a besicht déi véier Centres de promesses.

21/04/2025 Télévie 2025: LSC Gewënnerin on Tour

D'lescht Joer war et d'Tali, d'Krick an de Joel Marques déi mat hire Lidder de Public begeeschtert hunn, dëst Joer ass et d'Laura Thorn. Eric Lehmann:

"Am Géigesaz zu leschtem Joer gëtt et een Optrëtt a keng dräi. Et muss ee bedenken 2024 gouf et eng Super-Finall beim LSC bei där sech eng top 3 erginn huet an aus deem Grond si virun engem Joer déi dräi éischt placéiert Kënschtler an deene vereenzelte Centren opgetrueden."

De Fokus läit deemno dëst Joer op der sympathescher Lëtzebuergerin déi eist Land zu Basel beim Eurovision Song Contest vertriede wäert:

"Genau, also d'Laura wäert sech eemol kuerz un de Public adresséieren a säin ESC Titel virdroen. Nom Optrëtt gëtt et fir d'Interessenten e klenge Meet&Great vun enger hallwer Stonn, also eng Aart Autogramm-Sessioun wou d'Leit da kënne bei d'Laura goen an eng Autogramm-Kaart kréien."

Lass geet et zu Rodange:

"Do si mer um 13:15 Auer, dono fuere mer weider op Käerch. Do misste mer sou géint 14:30 Auer ukommen. Den drëtten Arrêt ass zu Dippech, dat wier sou um 15:45 Auer fir dann zu gudder lescht weider op Schengen ze fuere wou mer dann um 17 Auer optrieden."

Wann Dir d'Laura Thorn deemno och wëllt live op der Bün materliewen, dann ass dat dëse Samschdeg an engem vun de Centres de promesses vum Télévie.