... 77 Joer trëtt d'Verfassung vun der Weltgesondheetsorganisatioun a Kraaft. D'WHO ass eng Sonnerorganisatioun vun de Vereente Natioune mat Siège zu Genf. Si këmmert sech ëm Organisatioun a Koordinatioun vum ëffentleche Gesondheetswiesen.

07/04/2025 Haut virun...

An den USA ass haut de nationalen Dag vum Béier. Och nach New Beer's Eve genannt, inspiréiert vum New Year's Eve (Silvester), gëtt domat d'Enn vun der Prohibitioun gefeiert. No 13 Joer war dëst landeswäit Alkoholverbuet 1933 an de meeschte Bundesstaate rëm opgehuewe ginn.

RTL

© Pixabay

1939 occupéiert dat faschistescht Italien ënnert dem Benito Mussolini Albanien. De Kinnek Zogu a seng Fra gi mat hirem 2 Deeg ale Jong an d'Exil a Griicheland. Den italieenesche Kinnek Vittorio Emanuele II. gëtt albanesche Kinnek a Personalunioun.

Um Wee a Richtung Okinawa gëtt 1945 eng japanesch Flott vun amerikanesche Fligeren ofgefaangen an ugegraff. D'Gefecht endegt mat der Versenkung vun der Yamato, dem gréissten a schwéierste Krichsschëff vun allen Zäiten. Et ass 263m laang, a vun den 3500 Japaner u Bord iwwerliewen der manner wéi 300 dësen Ënnergang.

1954 presentéiert den US-President Dwight D. Eisenhower déi sougenannten Domino-Theorie. Doran heescht et, dass Natioune mat kommunistesche Nopeschlänner a Gefor wieren, och der kommunistescher Ideologie ze verfalen. Se géifen deemno ee Land nom aneren ëmfale wéi Dominosteng. Mat der sougenannter Rollback-Politik sollen onsécher Länner vun den USA ëmgestëmmt ginn op déi westlech Wäerter.

1989 ass et ee vun de längste Matcher an der Geschicht vum Davis Cup zanter der Aféierung vum Tie-Break. Zu Wien gewënnt den Éisträicher Horst Skoff géint de Schwed Mats Wilander mat 6-7, 7-6, 1-6, 6-4 a 9-7. D'Partie dauert 6 Stonnen a 4 Minutten.

RTL

© Pixabay

2001 start eng amerikanesch Raumsond an de Weltall, déi Mars Odyssey genannt gouf. Inspiréiert vum Stanley Kubrick sengem Film 2001: a Space Odyssey erfuerscht déi Sond zanterhier de Mars a schéckt wichteg Daten op d'Äerd. Enn des Joers gëtt domat gerechent, dass hir de Sprit wäert ausgoen.