... 111 Joer gëtt de Longacre Square zu New York ëmbenannt an Times Square. De Numm kënnt vun der Zeitung New York Times, déi do hiert neit Gebai opgemaach huet. Bis dohi waren op där Plaz virun allem Päerdsställ a Schräiner ze fanne gewiescht.

08/04/2025 Haut virun...

Haut virun 242 Joer deklaréiert déi russesch Zarin Katharina déi Grouss "vun elo un a fir all Zäiten" d'Annexioun vun der Krim, vun der Hallefinsel Taman a vum Kuban-Territoire. An der Suite ginn an deene Gebidder Koloniste platzéiert, dorënner vill Europäer. D'Bezeechnung Taurien soll duerno als neie Numm fir d'Krim etabléiert ginn, setzt sech awer net duerch.

1906 ass et bei Neapel an Italien den Héichpunkt vum schwéiersten Ausbroch vum Vesuv zanter 1631. D'Äsche ginn eng 1300m héich geschleidert an d'Spëtzt vum Bierg brécht of, sou dass dëse méi wéi 200m Héicht verléiert. De Vulkanausbroch dauert bis den 22. Abrëll - 105 Leit kommen ëm d'Liewen, wéi d'Kierch an där se Schutz gesicht haten, zesummebrécht.

Eng hallef Stonn nom Depart zu Roum fält 1954 eng brittesch Comet 1 erof, allen 21 Leit u Bord kommen ëm. Et ass den drëtten Accident mat dësem éischte Passagéierfliger, dee vun Turbinnen ugedriwwe gëtt. D'Maschinne ginn aus dem Verkéier gezunn an ënnersicht. Opgrond vu Konstruktiounsfeeler kënnt et zu erhéichter Materialermiddung.

De Clint Eastwood gëtt 1986 Buergermeeschter vun der kalifornescher Gemeng Carmel-by-the-Sea. Eng Uertschaft, an där bis haut gelunge Gesetzer gëllen. Et gëtt do keng Parkaueren, keng Stroosseluuchten a wie Tallekeschong droe wëllt, brauch dofir eng Geneemegung. Den Eastwood hat säi Walverspriechen ageléist an den ëffentleche Verkaf vu Glacen erëm erlaabt.

No 40 Joer hält den däitsche Bastei-Verlag 1997 op mat der Vente vun hire Wildwest-Romaner. An där Zäit si populär Figuren entstane wéi Rocky Steel, Tex Hondo a Captain Concho. No 1859 där "Groschenromaner" ass Schluss. Zanter Hierscht 2022 gi se awer erëm als Neioplo gedréckt.

RTL

© Pixabay

Den US-President Barack Obama a säi russeschen Homolog Dmitri Medwedew ënnerschreiwen 2010 de neie START Kontrakt zur Reduzéierung a Limitatioun vu strategesche Ugrëffswaffen. 2023 setzt de Vladimir Putin déi russesch Participatioun aus, léisst awer erklären, si wéilte sech weider un déi ausgehandelt Limitatiounen halen an d'Amerikaner doriwwer informéiere wa se Atomwaffe géife verleeën, fir Feelalarmen z'evitéieren.