
© Pixabay
... 160 Joer presentéiert de Biochemiker Louis Pasteur zu Paräis seng Entdeckung, dass vill Krankheeten duerch Mikroorganismen ausgeléist ginn. Mat senger Method vum kuerzen Erhëtzen, vum Pasteurisatioun, ginn d'Keimen ofgedéit.
1959 ginn déi éischt amerikanesch Astronaute vum neie Mercury-Programm virgestallt. Aus 110 Kandidate sinn der 7 zréckbehale ginn - déi sougenannte Mercury Seven mussen déi heite Krittären erfëllen: manner wéi 40 Joer al sinn, männlech, ënner 1m80cm, fit, mat Bachelorofschloss, Ausbildung als Testpilot an op d'mannst 1500 Fluchstonnen. Ee gewësse Yuri Gagarin wäert awer virun alle 7 am Weltall sinn.
Als éischten Auslänner krit de Winston Churchill 1963 vum John F. Kennedy déi amerikanesch Éierestaatsbiergerschaft. De fréiere brittesche Premier, dee fir seng besonnesch Verdéngschter ausgezeechent gëtt, ass awer kierperlech net an der Lag, un der Zeremonie zu Washington deelzehuelen. Dowéinst ass haut an den USA de Winston-Churchill-Dag. Bis elo kruten eréischt 8 Leit déi Auszeechnung, dorënner d'Mutter Teresa.
Virum Parlamentsgebai zu Tiflis versammele sech 1989 Demonstranten a fuerderen den Austrëtt vu Georgien aus der UdSSR. Dat sowjetescht Militär gräift brutal an fir de Protest opzeléisen. Op d'mannst 17 Persoune kommen ëm d'Liewen. Déi georgesch Onofhängegkeet kënnt awer 2 Joer méi spéit zustanen.
Amerikanesch Zaldote stierzen 2003 zu Bagdad eng grouss Statu vum Saddam Hussein, déi nach kee Joer do steet. D'Populatioun hat déi Aktioun gefuerdert, seet d'Militär, an deene ville Journalisten, déi am Hotel niewendru gewunnt hunn, wollten se eppes Aussergewéinleches bidden. Haut steet op där Plaz eng Skulptur, déi d'Fräiheet symboliséiere soll.
Haut virun 20 Joer bestit de britteschen Trounfollger Prënz Charles seng laangjäreg Partnerin Camilla Parker Bowles. D'Zeremonie dierf just an der Märei vu Windsor ofgehale ginn an net an der Kierch, well nom Recht vun der Church of England ass d'Braut nach mat engem anere Mann bestuet.