De 14.2. ass jo bekanntlech Vältesdag. Den 3.10.2022 war awer de “Feltensdag”, well op deem Dag huet d’Danielle Felten-Ihry vu Rued/Syr hirem Mann Patrick eng Nier gespend. Am neie Videocast «Meng Geschicht» mat den Hopitaux Robert Schuman a Santé Services op RTL-Play erziele si dem Camille Ney déi ganz emotional Geschicht...

Reportage Meng Geschicht HRS 4.4.2025

Heizou kënnt Dir Iech op luxtransplant informéieren an op acteurdemasante.lu gëtt et och e Kapitel «Néphrologie». Den 3. Episod vum Videocast «Meng Geschicht» mat den Hopitaux Robert Schuman a Santé Services also elo op RTL-Play!