
© WERNER BAUM / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP
Mat ABBA gëtt d'Agneta Fältskog zum gefeierte Weltstar. Haut ass de 75. Gebuertsdag vun der schweedescher Sängerin, déi no der Trennung eng Solokarriär poursuivéiert. Mä scho virun der Zäit mat Benny, Björn an Annifrid hat d'Agneta Succès op der Bün.
Am Alter vun net emol 6 Joer huet dat klengt blond Meedchen aus dem südleche Schweden säin éischten Optrëtt. Kuerz dono fänkt hatt un Piano ze spillen an eege Lidder ze schreiwen. Mat 13 déi éischt Gesangsgrupp, mat 15 den éischten Job, mat 16 ass et d'Offer, an engem Orchester Sängerin ze ginn. E Produzent ass beandrockt vun der Stëmm a gëtt dem Agneta e Kontrakt. Mat der Eegekompositioun Jag var så kär (Ech war esou verléift) geet et direkt op Plaz 1 vun de schweedeschen Charts. D'Plackefirma versicht duerno, déi ambitionéiert Sängerin um däitsche Marché ze placéieren.
Ufank 1968 hëlt d'Agneta zu Berlin 2 Lidder an däitscher Sprooch op, Enn vum Joer ass den Debutalbum prett, gëtt awer e Flopp. Bei den Dréiaarbechten zu enger schweedescher Tëleesemissioun léiert si den Teeniestar Björn Ulvaeus besser kennen. Dës frësch Liaisoun ass séier vu nationalem Interessi, an dréit och hir musikalesch Friichten.
No der Hochzäit mam Björn hëlt d'Agneta 1972 d'Roll vun der Maria Magdalena un am Musical Jesus Christ Superstar. Parallel dozou produzéieren déi 2 mat hire neie, bescht Kolleege Benny an Anni-Frid hir éischt Single. People need love geréit zum nationale Succès. 1973 gëtt op Urode vun hirem spéidere Manager Stig Anderson de lächerleche Bandnumm Björn & Benny, Agnetha & Anni-Frid" ersat duerch ABBA.
Zu gefeierte Stare ginn déi 4, wéi se 1974 de Grand-Prix Eurovision de la Chanson gewannen. D'Popularitéit kennt an der Suite keng Grenze méi a féiert beim Agneta lues mä sécher zu gesondheetleche Problemer. An zu Spannungen an der Bezéiung - op Chrëschtdag 1978 zitt d'Sängerin mat de Kanner aus. Déi privat Trennung féiert awer net direkt zur ëffentlech kolportéierter Opléisung vun der Grupp. Déi kënnt 1982.
D'Agneta féiert hir Solokarriär weider - ugangs nach vun Erfolleg gekréint, rëtschen d'Produktiounen an de Joren duerno awer lues a lues méi wäit no ënnen an den Hitparaden. 1988 zitt d'Agneta sech fir Joren zréck. Souguer fir eng Milliard Dollar loossen déi 4 sech net méi zesummen op d'Bün lackelen.
2004 ass et de Comeback vum Agneta mat engem neien Album. 2013 ass et engersäits nach e Soloalbum, an eng Zesummenaarbecht fir de gudden Zweck mam Gary Barlow. Fir déi éischte Kéier zanter 25 Joer steet d'Agneta rëm op enger Bün. D'Stëmm ass geräift, awer nach ëmmer do.
Vun 2017 un huelen déi 4 Museker nees zesumme nei Lidder op. Parallel dozou produzéiere si en Hologramm-Concert. Technesch Problemer, an d'Covid-Pandemie, féieren awer dozou, dass Voyage-Album a -Concert eréischt 2022 hir Première feiere kënnen.
Quasi op den Dag 50 Joer no hirer Victoire beim ESC kréien déi 4 bekanntste Schwede vun der Welt d'lescht Joer vun hirem Kinnek Carl Gustaf de sougenannte Wasa-Uerden iwwerreecht.