
D'RTL Reporterin Céline Spithoven war fir eis de Moien um Golf zu Kanech ënnerwee a wollt mol selwer testen, wéi dëse Sport esou ass. Am Virfeld vun den National Golf Days krut d'Céline dann direkt mol seng éischt Golfstonn an dat beim Golfprofi Douglas McLean.
"Today, before we hit any golf balls, we're going to start with how to hold a club and how to get in the right positions. Like any sport, we do basics first. If we get the basics right, then we can progress through to the flexural movements in the golf swing."
Mir hunn et héieren, et gouf also fir d'éischt un der Technik geschafft, éiert eis Reporterin e puer Bäll schloen duerft. An no enger gudder Stonn war och deen oder aneren Erfolleg dobäi.
"Ma ech kann esou vill soen Golf ass tatsächlech e Sport, et ass mer definitiv e bëssen an de Réck gaangen an et brauch ee vill Kierperspannung. Also et ass net esou easy peasy, wéi een dat villäicht mengt. Op alle Fall empfeelenswäert. Also ech hat mäi Spaass, och wann ech meng Virurteeler hat, sou wéi warscheinlech jiddwereen e bëssen. Ech kann et op alle Fall nëmme recommandéieren. An ech sinn elo hei nach e bëssen um Terrain a Wee. Ech maache mech dann herno nach eng Kéier zréck mam President vun der Golffederatioun, deen och nach e puer Wierder dozou soe wäert."
Majo sou séier kann ee sech dann ëmstëmme loossen. Golf versicht och bei eis am Land méi jonk ze ginn an den elitären Ruff lasszeginn. Sou setzt ee sech vill fir d'Junioren, mee och de breede Public soll sech selwer e Bild dovu maache kënnen, erzielt huet de Marc Schmit, President vun der Golffederatioun eis erzielt.
"Jo, genau. Dat ass dëst Joer déi éischt Kéier eis National Golf Days, déi mer organiséieren de 17. an 18. Mee. Dat gëtt an all Clibb hei zu Lëtzebuerg gespillt an am Luxzenter zu Kockelscheier, wou ee sech och kann aschreiwen. Also et ka se sech elo um Site vun der Federatioun aschreiwen, fir déi, déi sech eng Plaz wëlle reservéieren."