... 100 Joer kënnt de gesellschaftskritesche Roman The Great Gatsby eraus. Obwuel dem Francis Fitzgerald säi Buch haut zu de groussen amerikanesche Klassiker gehéiert, verkeeft et sech ugangs alles anescht wéi gutt.

Haut virun 113 Joer geet d'Titanic op hir éischte Faart. Zu Southampton leeft dat deemools gréisste Passagéierschëff vun der Welt aus dem Hafen aus, a kollidéiert bal mat engem anere Schëff. Éischt Destinatioun ass Cherbourg a Frankräich. Vun do geet et nach dee selwechten Dag weider op Queenstown an Irland, éier den Dag drop New York ugesteiert gëtt.

1970 annoncéiert de Paul McCartney seng Trennung vun de Beatles. Gläichzäiteg kritt déi brittesch Press éischt Exemplaire vu sengem Soloalbum geschéckt, deen hie ganz eleng agespillt huet. A Groussbritannien packt en et op Plaz 2, an den USA klëmmt dem McCartney seng Plack un d'Spëtzt vun den Charts.

Am Kader vun der sougenannter Ping-Pong-Diplomatie kommen haut viru 55 Joer déi éischt amerikanesch Dëschtennisspiller a China un. Op der WM a Japan hate Spiller aus béide Länner Bekanntschaft matenaner gemaach, an iwwert dee Wee sollen elo besser Relatiounen tëscht Ost a West entstoen. Effektiv wäerten duerno den Ausseminister Kissinger an de President Nixon a China invitéiert ginn. Am Film Forrest Gump gëtt deen Event nogestallt.

1998 gëtt zu Belfast de Good Friday Agreement ënnerschriwwen. Op Karfreideg gi sech déi brittesch an iresch Regierungen, grad esou wéi 8 nordiresch Parteien iwwert en Enn vum Biergerkrich eens. De Konflikt, dee sech zanter de 60er Joren ëmmer rëm mat Gewalt entlueden hat, geet domat effektiv op en Enn.

Um Wee op déi siwwenzegjäreg Erënnerungsfeier vum Massaker vu Katyn, fält haut viru 15 Joer de Fliger vun enger polnescher Delegatioun erof. Trotz Warnunge virun ze déckem Niwwel wollt de Pilot landen. 96 Doudeger sinn ze bekloen, dorënner de polnesche President Lech Kaczyński, polnesch Deputéiert, puer héich Offizéier a Familljemembere vun Affer vum Massaker.

Engem Verbond vu Radioteleskope geléngt et 2019, een direkt Bild vun der Akkretiounsscheif vun engem Schwaarze Lach z'erstellen. An der Astrophysik ass dat eng Scheif déi ëm en zentralen Objet rotéiert, an dobäi Matière a Richtung vum Zentrum (vum Schwaarze Lach) transportéiert. Et gëtt geschätzt, dass dat Lach eng Mass vu 6,5 Milliarde Sonnemassen huet.