Zanter 2023 scho gëtt et den Serge Tonnar Trio, vill huet een awer nach net vun hinnen héieren, ma elo soll sech dat awer änneren. Dohannert stiechen nieft dem Tonnar och d'Jazz-Museker Michel Meis (Batterie) a Boris Schmidt (Kontrabass). Nodeems se elo 3 Deeg laang eng Residenz zu Wolz am Prabbeli haten, gëtt elo deemnächst en Album opgeholl. Dat ganzt soll Live passéieren an och Publikum ass wärend dësen Opnamen erwënscht.

09/04/2025 Serge Tonnar Trio

Och wann et den Trio elo schonn zanter 2023 gëtt, gouf et bis ewel nach keng Opnahmen a genee dat soll sech dann elo awer änneren. Invitéiert ginn d'Léit fir den 11ten an 12ten Abrëll op Wooltz an de Brandbau, hei gëtt dann opgeholl an dono ensteet dorauser e Museksalbum.

Serge Tonnar: Dat ass lassgaang nodeems meng Band Legotrip 2019 op en Enn komm ass an do hunn ech dunn einfach no neie Weeër gesicht. Ech spillen elo live a verschiddenen Besetzungen, heiansdo spillen ech eleng op der Gittar oder heiansdo mat menger ganzer Band. An eben elo zanter 2 Joer mat mengem Trio. Dat sinn och dei selwecht Lidder, also meng Lidder mat Texter op Lëtzebuergesch, mee se kréien e ganz neit Klangkleed, eben duerch den Afloss vun den zwee "Jazzerten". Do ass e bësse mei Raum fir Otempausen oder heiansdo mei fatzeg Instrumentalpassagen.

Et ass also einfach eng Meiglechkeet, dem Serge Tonnar seng aal Lidder op eng nei Aart a Weiss ze héieren. Déi Vielsäitegkeet, déi een huet wann ee mat zwee Jazzmuseker zësumme schafft, mëscht him och besonneg Freed un dësem Projet.

Serge Tonnar: An do ass dann de Publikum matzen dran, wa mer do de Live-Album ophuelen. Dat sinn dann deelweis al bekannte Stécker, och puer ganz nei Lidder. Déi al Lidder klengen och ganz anescht wei d'Léit se vläicht kennen. Déi ganz nei ginn och hei fir d'éischt presentéiert an natierlech gëtt och alles zesumme mam Publikum am Raum opgeholl. Wann der kucke kommt, da Prouwe mer, datt der och e bëssen am Chouer matsangt. D'Iddi ass schonn datt d'Leit och heiansdo an de Refraine matsangen. Et soll eng flott Stëmmung am Brandbau zu Wooltz ginn.


Do ass also da jiddereen e bësse gefrot. Loscht also op e coolen Owend? Tickete ginn et op tonnar.lu a wien net ka mat dobäi sinn, dee kann sech dono jo dann einfach mol de neien Album ulauschteren. Rendez-vous also den 11ten an 12ten Abrëll am Prabbeli.