... 55 Joer start zu Cape Canaveral d'Moundmissioun Apollo 13. No der Explosioun vun 2 Tanke muss déi 3. Moundlandung ofgebrach ginn. An enger dramatescher Rettungsaktioun geléngt et awer, déi 3 Astronauten zréck op d'Äerd ze kréien.

1951 setzt den US-President Harry S. Truman de Generol Douglas MacArthur, op deem säi Wonsch hin, als Chef vun den UNO-Truppen a Korea a vun den amerikaneschen Eenheeten a Südostasien of. De Militär hat gefuerdert, 49 nordkoreanesch Stied mat Atomwaffen ze bombardéieren an de Krich op China auszewäiten. Den Truman kritt dofir schaarfe Géigewand - an der Politik an an der Populatioun.

1954 ass den 11. Abrëll de langweilegsten Dag vum ganzen 20. Joerhonnert. Engem brittesche Computerwëssenschafter seng Sichmaschinn fënnt dat 2010 eraus, déi mat méi wéi 300 Millioune Fakte gefiddert ass. Highlighte waren d'Walen an der Belsch, an et war Pällemsonndeg. Fir d'BBC ass dogéint den 18. Abrëll 1930 de langweilegsten Dag iwwerhaapt. Um Radio gëtt de faméise Saz gesot: "Et gëtt keng Noriichten."

1961 fänkt an Israel de Prozess un géint den Adolf Eichmann. De fréieren SS-Responsabele war d'Joer virdru vum israeelesche Geheimdéngscht aus Argentinien entféiert ginn, fir him an Israel ëffentlech de Prozess ze maachen. E gutt Joer méi spéit wäert den Eichmann gehaange ginn.

Truppen aus Tansania an de Widderstand aus Uganda marschéiere 1979 an déi ugandesch Haaptstad Kampala an. Den Diktator Idi Amin gëtt ofgesat a flücht iwwer Syrien an Irak an den Exil a Saudi-Arabien. Dem Amin senger 8 Joer laanger Gewaltherrschaft sinn eng 400.000 Leit zum Affer gefall.

2017 ginn 3 Sprengsätz gezünt wéi de Bus vu Borussia Dortmund an de Westfalenstadion fiert. E Polizist an de BvB-Spiller Marc Bartra gi blesséiert, de Match an der Championsleague gëtt op den aner Dag verluecht. Eng Woch méi spéit gëtt e Verdächtege festgeholl, deen d'Dot zougëtt. Hien hat spekuléiert, fir mam Cours vun de Veräinsaktië private Gewënn ze maachen.

2019 soll déi israeelesch Sond BeReschit um Mound landen. 14km iwwert der Surface brécht de Kontakt of a wéi en erëm do ass, funktionéiert den Haaptmotor net méi. D'Wëssenschaftler kréie net méi d'Kontroll iwwert hir Sond zréck, déi an der Suite mat héijer Vitess um Mound opschléit an e klenge Krater hannerléisst.