
Eist mënschlecht A ass keng digital Kamera: amplaz vun engem feste Rasterbenotzt eist Gehier Mikrosakkaden an 125 Millioune liichtempfindlech Zellen fir en héichopléisend Bild ze schafen. D'Vergläiche mat "576 Megapixel" ass ze vereinfacht - eist visuellt System funktionéiert grondleeënd anescht.
Mr Science, ëmmer méi Bildschiermer a Fotoapparater bidden enorm héich Opléisungen. Wéi vill Megapixel hätten eis Aen eigentlech, wann et Fotoapparater wieren?
Déi Fro ze beäntweren ass net esou einfach, well dat mënschlecht A ganz anescht fonctionéiert ewéi en digitale Fotoapparat (cf. Infobox). Et liest een dacks, datt d'A „576 Megapixel“ huet – mee dat ass eng staark vereinfacht Behaaptung. Well am Géigesaz zu engem Fotoapparat mat senge villäicht 20 Megapixel hëlt d'A kee fest Rasterbild op. Eis Ae beweege sech villméi stänneg a klinzege Spréng hin an hier. D'Wëssenschaftler nennen dat Mikrosakkaden.
Bis ewell war een der Meenung, datt dës Mikrosakkaden déi visuell Perceptioun stéieren. Mee a Wierklechkeet erhéije se d'Schäerft, mat där ee gesäit: D'Gehier veraarbecht net nëmmen d'Bild, dat op d'Netzhaut trëfft. Et integréiert och Informatiounen iwwer d'Beweegunge vun den Aen an déi visuell Perceptioun. Doduerch kann d'Gehier och ganz reng raimlech Detailer erfaassen. Och wa sech d'Bild vun engem Objet duerch déi minimal Beweegunge vun den Ae liicht op der Netzhaut hin- an hierbeweegt: Eis Perceptioun bleift stabil an héichopléisend.
Déi héich Opléisung, mat där mir gesinn, kënnt also net primär duerch d'Netzhaut zustan. Se entsteet fir d'éischt an dengem Gehier – an dat kann een net a Megapixel ausdrécken.
Dat heescht also, datt s du mer keng fest Zuel fir d'Opléisung vum mënschlechen A kanns ginn?
Neen. Ech kann dir awer soen, wéi vill liichtempfindlech Zellen d'An ongeféier huet: Eis Netzhaut huet där eng 125 Milliounen. Dovunner si ronn 120 Millioune Stäbercher. Déi si fir d'Siicht bei schwaachem Liicht zoustänneg, se erkennen awer keng Faarwen. An da sinn do och nach fënnef bis siwe Milliounen Zäppercher. D'Zäppercher si fir Faarwen an Detailer zoustänneg.
De Beräich mat der héchster Opléisung befënnt sech iwwregens an der Mëtt vun der Macula oder Fovea centralis. Do hu mer ongeféier 200 000 Zäppercher pro Quadratmillimeter, woubäi d'Zuel vu Mënsch zu Mënsch staark schwanke kann. Fir ze vergläichen: E sougenannte Vollformatsensor mat 20 Megapixel an enger Gréisst vu 36 x 24 mm huet nëmmen ongeféier 23 000 Pixel pro Quadratmillimeter – also bal 10 Mol manner. Dofir kann d'A mat der Mëtt vun der Macula och ganz reng Detailer opléisen. Baussent dëser Zon hëlt d'Detailgenauegkeet dann allerdéngs séier of.
Kann ee mat der Unzuel vun de liichtempfindlechen Zellen net berechnen, wéi vill Megapixel d'An huet?
Dat ass wéinst der onreegelméisseger Verdeelung vun dësen Zellen op der Netzhaut esou schwiereg. E Fotoapparat huet eng fest Unzuel vu Bildpunkten, déi all gläichméisseg op engem Sensor verdeelt sinn. Am A leien an der Mëtt vun der Macula ganz vill Zäppercher fir d'Detailsiicht enk uneneen. Do ronderëm hu mer d'Stäbercher an déi sinn zum Rand zou ëmmer méi locker verdeelt.
Fir dir awer eng Zuel ze nennen: Schätzunge ginn dovun aus, datt d'Mëtt vun der Macula ongeféier 7 Megapixel entsprécht. Dat ganzt Siichtfeld kéint theoreetesch 100 bis 576 Megapixel erfaassen. Dës Zuel ergëtt sech aus enger idealiséierter Héichrechnung vun den 125 Millioune liichtempfindlechen Zellen iwwer dat ganzt Bléckfeld. Mee wéi gesot: D'An ass anescht ewéi de Sensor vun engem Fotoapparat opgebaut, et schafft och ganz anescht – an dofir sinn dës Zuele mat Virsiicht ze genéissen.