... 64 Joer flitt mam Kosmonaut Juri Gagarin den éischte Mënsch an de Weltall. No engem Tour ronderëm d'Äerd lant hien rëm sécher an der Heemecht. Domat fänkt déi bemannte Raumfaart un, déi der Sowjetunioun am Kale Krich e Virsprong abréngt.

12/04/2025 Haut virun...

Fir d'Personalunioun tëscht England a Schottland ervirzehiewen, bestëmmt de Kinnek James am Joer 1606 puer Dekret e gemeinsame Fändel fir béid Länner. Dësen ass eng Iwwerlaagerung vum schotteschen Andreaskräiz mam engleschen Georgekräiz. Feelen deet ugangs nach um sougenannte Union Jack en Andreaskräiz fir d'Iren. 43 Joer méi spéit gëtt de Fändel rëm ofgeschaaft.

Op Drock vun den Alliéierten ënnerschreift de Napoleon Bonaparte 1814 de Kontrakt, dass hien ouni Bedéngungen ofdankt. An der Nuecht virdru soll hie nach probéiert hu sech d'Liewen ze huelen. De Keesertitel dierf de Napoleon behalen, him gëtt e Wunnsëtz op der Insel Elba zougewisen.

Zu Edersee an Hessen gi 1934 zwou Koppele Wäschbieren ausgesat. Se sollen déi heemesch Fauna beräicheren an der Pelzindustrie deier Importer erspueren. Zanterhier ass de Wäschbier, deen eigentlech a Nordamerika doheem ass, och an Europa unzetreffen.

RTL

© Pixabay

1945 stierft de Franklin D. Roosevelt. Hien ass den eenzegen US-President, deen 3x erëmgewielt gouf. Successeur gëtt de fréiere Farmer a Fräiwëllegen am Éischte Weltkrich Harry S. Truman. Hie wäert deen eenzege Staatsmann ginn, ënnert deem an engem Krich zwou Atombomme wäerte gezünt ginn. Mat senger Containment-Politik versicht den Truman duerno, de Kommunismus an der Welt ze limitéieren a bekämpfen.

Um Dag vum Kosmonaut, gläichzäiteg den Dag vun der bemannter Raumfaart, start 1981 den éischte Space Shuttle an de Weltall. Columbia heescht déi éischt vun de Raumfären, déi fir méi Asätz benotzt kënne ginn. 22 Joer méi spéit wäert d'Columbia beim Antrëtt an d'Äerdatmosphär auserneebriechen.

Haut viru 40 Joer kënnt et zu enger Explosioun an engem onbewunnte Weekendhaischen zu Buerschent. Ob se a Verbindung steet mat der Serie vu Bommenuschléi, déi d'Joer virdrun ugefaangen huet, ka net nogewise ginn, well keng Spueren opgeholl ginn. Zu am Ganzen 20 Explosioune wäert et an der Bommeleeëraffär kommen, déi bis haut net opgekläert ass.

RTL

© Pixabay

1992 geet mam Euro Disney Resort Paräis den éischten Disneyland an Europa op. 10 Joer méi spéit ass et direkt donieft d'Ouverture vum Walt Disney Studios Park. Weltwäit ginn et am Ganzen 12 där Parke ronderëm Micky, Donald a Co.