E Mëttwoch leeft dem Oscar-nominéierte Regisseur Ryan Coogler säin neiste Film an eise Kinoen un: "Sinners", sou den Numm vum Psychothriller deen de Spectateur an eng däischter Atmosphär voller Angscht andauche léist.

14/04/2025 Kino: Sinners

USO: E Mëttwoch leeft dem Oscar-nominéierte Regisseur Ryan Coogler säin neiste Film an eise Kinoen un: "Sinners", sou den Numm vum Psychothriller deen de Spectateur an eng däischter Atmosphär voller Angscht andauche léist. Nicky Soisson.

Zréck an d'Joer 1930. An de Süde vun den USA. Zwillingsbridder déi probéieren hiert vu Problemer geplote Liewen hannert sech ze loossen, ginn zréck an hier Heemechtsstad. Iwwerdeems si probéieren hiert Liewen nei opzebauen, fänkt eng geheimnisvoll Muecht u si ze verfollegen. Dëst Wiesen, dat mat trageschen Evenementer aus der Vergaangenheet a Verbindung bruecht gëtt, schéngt nëmmen op hire Retour gewaart ze hu fir säi Recht ze erkämpfen. 

D'Spannung klëmmt an dat wat als Versuch vun der Erléisung ufänkt, entwéckelt sech zu engem Kampf ëm d'Iwwerliewen. Dat mat iwwernatierlechen Elementer déi hier schlëmmst Ängschten zum Virschäi bréngen.

Mam Michael B. Jordan an der d'Haaptroll, dat an der Duebelroll vun den Zwillinge sou wéi ënnert anerem dem Hailee Steinfeld, dem Miles Caton, dem Jack O'Connell an dem Omar Benson Miller, versprécht dëse Film kee kal ze loossen.

De Ryan Coogler, Regisseur vu „Black Panther“ a „Creed: Rocky’s Legacy“, sou wéi den Haaptacteur Michael B. Jordan suergen an dësem Film fir eng nei Visioun vun der Angscht.

"Sinners" riicht sech un en erwuessene Public deen intensiv Thriller a psychologesch Dramaen gären huet. Wat de Film auszeechent, ass déi Aart a Weis wéi de Ryan Coogler d'Code vum Horrorfilm a Familljendrama vermëscht an esou en eenzegaartegen Thriller liwwert an deem d'Angscht net nëmme vun externe Menace mee och vun den ënnerleche Kämpf vun de Personnagen ausgeet.

E Film vun engem vun den talentéiertste Regisseure vu senger Generatioun deen Dir wéi gesot ab e Mëttwoch an eise Kinoen entdecke kënnt.