Méindes den 21ten ass dann déi traditionell Emaischen, an do hunn déi 9 Aulebäcker aus der Gemeng Nouspelt déi lescht Woche richteg vill geschafft, vir datt fir de groussen Dag dann och alles prett ass an datt et genuch Péckvillercher fir ze kafe ginn. Ee vun hinnen ass de Marc Einsweiler an deen huet sech fir dëst Joer eng ganz extra Iddi afale gelooss: E Péckvillchen am Kader vum Trounwiessel.
De Marc Einsweiler mëscht elo schonn 10 Joer laang Péckvillercher, de Syndicat d'Initiative hat emol en Atelier an der Gemeng ugebueden an do hat hien sech mat Kolleegen ageschriwwen an zanterdeem geet hien dëser Passioun gären no. Als Nouspelter wëll ee jo schliisslech och, datt dës Traditioun weiderhin erhale bleift. Uganks huet en der just 25 gemaach, no an no ëmmer méi. Eng Superjhemp-Serie huet hie bekannt gemaach, direkt duerno huet de Marc Einsweiler mat enger Serie ugefaange. All Joer hëlt hien elo en anere Beruff als Thema, dëst Joer ass et de Polizist. Et sinn déi sougenannten Alldagshelden.
Nieft dem Polizist ass et awer och en extrae Péckvillchen am Kader vum Trounwiessel, den 3ten Oktober dëst Joer. De Monseigneur, also den Ierfgroussherzog Guillaume soll et sinn. 2 Méint war hien amgaangen deng Iddi ze entwéckelen, huet verschidde Péckvillercher misste maachen, bis en dunn dee Modell hat, deem de Marc wierklech gefall huet.
Eng zwou Stonne géing de Marc pro Péckvillche brauchen a vum Monseigneur ginn et der um Enn eng ronn 200 Stéck. Et war déi lescht Wochen also zimmlech vill Aarbecht, fir alleguerten d'Polizisten an d'Royals fäerdeg ze kréien.
Zanter 1957 gëtt et elo d'Emaischen zu Nouspelt, wou huet déi dann hiren Ursprong?
Äerdewueren, also Telleren an Tasen an natierlech och Péckvillercher ginn et also e Méinden zu Nouspelt ze kafen. Natierlech ass deen Dag och Emaischen an der Stad Lëtzebuerg, déi et iwwregens och scho méi laang gëtt.