
© AFP
... 61 Joer ass de Sidney Poitier den éischten afroamerikaneschen Acteur, dee mam Oscar fir déi beschten Haaptroll ausgezeechent gëtt. 2002 wäert hien den Éierenoscar fir säi Liewenswierk kréien.
1743 kënnt den Thomas Jefferson op d'Welt. Als ee vun de Grënnungspappe vun de Vereenegte Staate verfaasst haaptsächlech hien d'Onofhängegkeetserklärung a gëtt den drëtte President vun den USA. Genee 200 Joer méi spéit gëtt him zu Éieren den Jefferson Memorial zu Washington ageweit.
Op deem selwechten 13. Abrëll 1943 mellt den däitsche Radio, dass zu Katyn bei Smolensk Massegriewer vu polneschen Offizéier fonnt goufen. D'Sowjetunioun streit joerzéngtelaang eng Verwécklung an déi Massaker of, bis genee 47 Joer méi spéit de Michail Gorbatschow confirméiert, dass de Josef Stalin eng Direktive fir déi Aktioun erausginn hat, an d'Sowjetunioun responsabel wier.
1946 gëtt a Frankräich dat sougenannte Marthe-Richard-Gesetz gestëmmt. Doran ass virgesinn, dass alle ronn 1400 Bordellen am Land mussen zougemaach ginn. Och op aner Beräicher vun der Prostitutioun huet dat Gesetz Afloss, déi u sech awer weider erlaabt bleift. Nëmmen e puer Joer méi spéit schwätzt d'Madame Richard sech fir eng Reouverture vun den Etablissementer aus.
1970 geet ee Saz ronderëm d'Welt - Houston we've had a problem - u Bord vum Raumschëff Apollo 13 hu se e Problem, well 2 Sauerstofftanken explodéiert sinn. Déi geplangt Moundmissioun vun der NASA gëtt doropshin zur dramatescher Rettungsaktioun, bei där um Enn déi 3 Astronaute kënne gerett ginn.
No 2 Joer laange Verhandlunge gi Portugal a China sech 1987 eens. D'Kolonie Macao wäert Enn 1999 rëm Deel vun der Volleksrepublik ginn. Nom Prinzip "Ee Land, zwee Systemer" wäert Macao säi liberale System déi nächste 50 Joer bäibehalen dierfen. Dem chineesesche President Jiang Zemin no wier dat Ofkommes dat definitiivt Enn vun der westlecher Kolonialherrschaft an Asien.
2017 benotzt dat amerikanescht Militär fir déi éischte Kéier seng MOAB Bomm. D'Ofkierzung steet eigentlech fir Massive Ordnance Air Blast, am Volleksmond gëtt awer Mother of all Bombs gesot. Besote Bomm ass knapp 10 Tonne schwéier, gëtt am Afghanistan géint den IS agesat a war 4 Joer laang déi stäerkste konventionell Fligerbomm vun der Welt. D'Russen hunn awer entretemps eng méi staark, genannt de Papp vun alle Bommen.