... 80 Joer kënnt d'Groussherzogin Charlotte aus dem Exil hannescht op Lëtzebuerg. An de Krichsjoren 40-44 huet si iwwer d'Radiosantenn vun der BBC reegelméisseg hirem Vollek Mutt zougeschwat.

14/04/2025 Haut virun...

E franséische Schräiner mam Numm Cochot mellt um 14. Abrëll 1812 zu Paräis seng Erfindung fir e Patent un. Verstellbar Lamellen aus hëlze Briedercher, déi de Bléck no baussen erlaben, awer net eran. D'Jalousie ass eng Aart Kopie vun engem Gitter, dat no orientaleschem Virbild de Bléck an d'Kummere vu Frae verhënnere soll. Déi Gitterfënstere si méi al wéi d'Fënsteren aus Glas.

RTL

© Pixabay

1865 schéisst de Südstaatler John Wilkes Booth, wärend enger Theateropféierung, op den US-President Abraham Lincoln. "Sic semper tyrannis" (sou ergeet et Tyrannen) soll en dobäi geruff hunn. Dee selwechten Owend versicht e Kompliz vum Booth, den Ausseminister Seward ëmzebréngen. Dësen iwwerlieft awer - de Lincoln stierft den Dag drop u senge Blessuren.

Haut virun 125 Joer ass et d'Ouverture vun der Weltausstellung zu Paräis. Grand Palais, Petit Palais, eng Rulltrap, en Trottoir dee rullt an e Bus mat elektrescher Oberleitung gehéieren zu den Highlighten. De Schampes vun der Krim gëtt hei bekannt, a Bauwierker wéi d'Gare d'Orsay an de Pont Alexandre III gi sou just fir d'Expo fäerdeg.

1912 kollidéiert d'Titanic kuerz viru Mëtternuecht mat engem Äisbierg. Et si net genuch Rettungsbooter u Bord, a spéitstens wéi d'Schëff entgéint den Erwaardungen awer ufänkt ënnerzegoen, brieche Chaos a Panik aus. Vun de méi wéi 2200 Mënschen u Bord kommen der 1514 ëm d'Liewen. Réischt 1985 ginn d'Iwwerreschter vum deemools gréisste Passagéierschëff vun der Welt am Nordatlantik erëmfonnt.

1935 ass et am Mëttlere Weste vun den USA de sougenannte schwaarze Sonndeg, wéi iwwert de Great Plains ee vun de schlëmmste Sandstierm an der Geschicht vum Land opzitt. D'Akerland ass dobäi massiver Erosioun ausgesat, sou dass an der Suite virun allem d'Awunner aus dem Oklahoma gezwonge sinn, hir Heemecht ze verloossen.

Haut viru 4 Joer annoncéiert den US-President Joe Biden den amerikanesche Réckzoch aus Afghanistan. Déi aner bedeelegt NATO-Länner schléisse sech deem un. Bis Mëtt September wäerte si d'Land verloossen, an deem déi radikalislamesch Taliban séier rëm d'Iwwerhand kréien. Verzweiwelt Zeene spille sech of wéi Leit versichen, mat an déi lescht Fligeren ze kommen.