
"Die Legende von Ochi", sou den Numm vun engem neie sougenannte Fantasy-Abenteuerfilm deen en Donneschdeg an eise Kinoen uleeft.
USO: "Die Legende von Ochi", sou den Numm vun engem neie Fantasy-Abenteuerfilm deen en Donneschdeg an eise Kinoen uleeft. Nicky Soisson.
An engem ofgeleeëne Duerf an de Karpaten däerf d'Yuri, e jonkt Meedchen dat an der Angscht virun de mysteriéise Kreature am Bësch mam Numm Ochi opgewuess ass, an der Däischtert net méi eraus goen. Enges Dags entdeckt hatt en Ochi-Puppelchen dee vu sengem Ruddel verlooss gouf. Fest decidéiert dësen nees zréck bei seng Famill ze bréngen, setzt d'Yuri sech iwwert de Verbuet Owes virun d'Dier ze goen ewech an erlieft esou eng aussergewéinlech Aventure. Déi aner Awunner vun der Insel mengen awer, dass d'Yuri von den Ochi entfouert gouf a maache sech op d'Sich no him.
Mat "Die Legende von Ochi" dréit den Isaiah Saxon dee virdrun éischter an Animatiounsfilmer doheem war, säin éischte Realfilm. Direkt e puer Acteuren am Film missten dem Public dann och bekannt sinn: de Finn Wolfhard, de Willem Dafoe oder awer och d'Helena Zengel wat an d'Roll vum Yuri klëmmt. Inspiréiert vun der Ästhetik an dem Geescht vun de Fantasyfilmer aus den 80er an 90er Joren, bitt "Die Legende von Ochi" e sënnlechen Abléck an eng wëll an onheemlech Natur.
Iwwerdeems d'Geschicht fir e jonke Public zougänglech bleift, wäert den ergräifende Schluss och déi sensibelst erwuesse Zuschauer net verschounen. Ouni elo wëlle virzegräife sief gesot, dass déi eng oder aner kleng Tréin do sécherlech net ausbleiwe wäert.