
© natur musee
Vum 25. bis den 28. Abrëll ass et déi 7. Editioun vum City Nature Challenge. Eng Aktioun déi weltwäit an ëm 600 Regiounen an op 6 Kontinenter gläichzäiteg organiséiert gëtt. Hie zu Lëtzebuerg ass et den "natur musée" a seng Partner déi déi Saach koordinéieren.
Lass gaangen ass dat Ganzt virun 10 Joer an den USA. Deemools war et en Challenge där sech d'Ekippe vun der California Academy of Sciences zu San Fransisco an dem Natural History Museum of Los Angeles County gestallt hunn. Séier ass de City Nature Challenge dunn awer zu engem internationalen Event gi bei deem et drëms geet d'Natur respektiv wëll Aarten ze dokumentéieren. Wat een do alles fotograféiere kann, erkläert de Paul Braun vum natur musée:
"Also u sech ass am Fong alles erlaabt, just keng Hausdéieren oder Zierplanzen am Gaart wéi Zaloten oder Tulpen, dat siche mer net. Mir siche wierklech geziilt no wëllen Aarten. Dat kënne Planzen, Déieren oder Champignone sinn déi een dobausse gesäit. Do kann ee wierklech no allem siche wat een denkt wat wëll ass."
Dat muss dann och net just an der wëller Natur oder am Bësch sinn:
"Dat kann och an der Stad sinn, vill Saache wuessen tëscht Paweesteng oder op Maueren. Do kann ee scho ganz vill Saache fanne wou ee vläicht mol guer net geduecht huet, dass dat wëll Aarte sinn."
An dat geet u sech ganz einfach. Et geet duer sech d'Applikatioun iNaturalist gratis erofzelueden an domadder seng Foto(en) ze maachen:
"Da gëtt et ee Bilderkennungsalgorithmus deen engem da schonn eng Lëscht vun Aarte proposéiert déi et kéint sinn. An dono deelt een dat iwwert déi Plattform an da sinn aner Notzer, Experten déi sech dat ukucken an dat da validéieren. Sou kritt den Notzer relativ séier deelweis e Feedback wat en dann do gesinn huet."
Déi 4 Deeg organiséiert den natur musée a senge Partner dann och eng ganz Rei Aktivitéiten:
"De ganze Programm fannt Dir natierlech um Site vum natur musée an och op eise sozialen Netzwierker. Do maache mir dann och e bëssi Promo fir dat wat de Musée organiséiert an och eis Partner. Et kann ee vläicht soen, dass déi meescht vun den Evenementer kleng Trëppeltoure vun 1-2 Stonne wou een op enger interessanter Plaz ënnerwee ass, wou dann en Expert vum musée oder vun enger anerer Organisatioun dobäi ass deen engem e bëssen erkläert wéi d'Applikatioun fonctionéiert a wou een da besonnesch Plaze kucke geet wou interessant Saachen ze fanne sinn."
Lescht Joer hunn hei zu Lëtzebuerg iwwregens 292 Leit matgemaach bei dëser Challenge. 8915 Observatioune goufen eragereecht. Eng Zuel déi een dëst Joer sécher nach toppe kann!