Eis Hausdéieren kréien ëmmer nees déi flottsten Nimm, op déi se dann lauschteren, wann ee se rifft, oder och net. D'RTL Déierendoktesch Romi Roth huet haut d'Story vun enger Kaz derbäi, déi de Meeschter huet missten changéieren.

D´Honey hat et a sengem Liewen bis elo net liicht. Well déi léif roudelzeg Tigerkaz eleng zeréckgelooss vun hire Leit, déi hannescht an England gereest sinn, ëmmer bei eng Damm mat Kazen-Allergie duerch d´Kichefënster erageklommen ass, huet déi et schliisslech an ee Kazenhaus bruecht. A well et keen Chip hat, ass et einfach emol chirurgesch opgemaach ginn fir ze kucken, op et scho steriliséiert wier, obwuel et dofir och en einfache Blutttest gëtt. Um Enn ass et dunn vu léiwe Leit adoptéiert ginn, déi  elo awer ganz verzweiwelt mat him an d´Praxis koumen well se gefaart hunn, et wier ganz uerg krank.

Romi Roth - Honey - Geschicht

Jo, et gëtt wéi et schéngt, och Déieren, déi de Pech mam grousse Läffel gefriess hunn. Déi  Bommelen, déi d´Leit bei hirem Honey gesinn haten a vun deene si gemengt hunn, et wiere béisaarteg Tumeuren waren um hénneschte Réck an iwwert den Ufank vum Schwanz. 

D´Miiss wier virun e puer Deeg ganz mackeg a verdaddert no enger Nuecht ze strummen heem komm an hätt sech dunn awer nees erkritt, bis een elo déi Bëlsen erbléckst hat. D´Geschicht war eng ganz klassesch an d´Prognos fir d´Honey roseg. Déi zaart Mudder hat sech mat enger anerer Kaz zerklappt, wollt du fortlafen an ass dobäi nach zweemol ferm gebass ginn. Ufanks heelt dat zou, wat d´Anerobier (dat si Bakterien déi keng Loft verdroen) eng cool Saach fannen, si dreiwen dann an der Déift hiert Onwiesen bis et déck Abcèsen ginn. Mat  Anästhesie sinn déi Eeterbommele versuergt, duerno drainéiert a gebutt ginn, dat ganzt ënnert Antibiotikken a Medikamenter géint Péng an Entzündung a elo ass d´Miiss wéi nei fir nees op d´Strumm.

Romi Roth - Honey - Happy End