
© AFP
... 6 Joer brennt den Daach vun der Cathédrale Notre-Dame de Paris. Eng 600 Pompjeeë sinn un de Läschaarbechte bedeelegt a kënne ronn 90% vun de Konschtwierker retten. Viru ronn 5 Méint ass d'Kathedral erëm opgaange fir de Public.
Haut virun 12 Joer explodéiere wärend dem Marathon zu Boston zwou selwer gebaute Bommen, déi 3 Leit ëm d'Liewe bréngen a ronn 260 Persoune blesséieren. Hannert der Dot stiechen 2 Bridder mat kirgisesche Wuerzelen, déi den Islam verdeedege wëllen an op eege Fauscht handelen. Dee ee gëtt op der Flucht vun der Police erschoss, deen anere festgeholl an an der Suite zum Doud verurteelt.
Den Doud vu engem chineesesche Politiker ass 1989 den Ausléiser vun de Protester op der Tian'anmen-Plaz zu Peking. Déi ëffentlech Trauer gëtt vu Studente genotzt, fir gläichzäiteg Kritik un der Féierung vum Land ze äusseren. An de Wochen duerno ginn d'Demonstratiounen op der Plaz vum himmlesche Fridden ëmmer méi grouss, sou dass d'Militärrecht ausgeruff gëtt an Ufank Juni am Néierschloe vu de Protester kulminéiert. Dobäi komme méi wéi 2000 Demonstranten ëm d'Liewen.
Zu Sheffield kënnt et 1989 zur Katastroph am Hillsborough-Stadion. An der Halleffinall vum FA-Cup tëscht Liverpool a Nottingham léisst d'Police ze vill Fans op ee Coup an e Block vum Stadion eran, dee schonn iwwerfëllt ass. 97 Spectateure ginn zu Doud gedréckt - an der Suite gi Plaze fir ze stoen an den Zonk virun den Tribüne verbueden.
Als Reaktioun op de Bommenuschlag op eng Disko zu Berlin, bei deem 2 amerikanesch Zaldoten ëm d'Liewe koumen, bombardéiert d'US-Loftwaff haut virun 39 Joer déi libesch Stied Tripolis a Bengasi. Dobäi komme 36 Mënschen ëm d'Liewen. Déi Attack ass warscheinlech den Ausléiser fir d'Attentat op den Jumbojet, deen 2 Joer méi spéit iwwer Lockerbie eroffale wäert.
Mat der Iddi, verloossene Kanner nom Krich e neit Doheem ze ginn, geet 1951 zu Imst an Tirol dat éischten SOS-Kannerduerf op. Dat éischt Haus kritt de Numm Fridden. Entretemps gëtt et dat Hëllefswierk an 134 Länner mat ronn 570 Dierfer, an deene gutt 1,5 Millioune Kanner betreit ginn. Hei zu Lëtzebuerg gëtt et zanter 19678 zu Miersch och esou e Kannerduerf.