
© Patrick Greis
Haut kënnt de béise Fanger nees an d'Spill. Wann et een Thema gëtt, dat dem Marc Keipes, Dr am GesondheetsZenter op der Gare um Mo leit, dann ass et dat utraprozesséiert Industrieiessen, an hien verréit och firwat dat e Problem ass.
Soubal d'Zesummesetzung vun de Cup Noodles esou laang ass, dass se bal net méi op d'Récksäit vun der Verpackung passt, muss dir virsiichteg ginn. Gesond Liewesmëttel hu meeschtens 5, 6 Ingredienten oder manner. Mee net nëmmen, dass se schiedlech sinn, si kënnen eng Addiktioun bewierken, sou änlech wéi Alkohol oder aner Drogen. D'Foodindustrie huet sech villes vun der Tubaksindustrie ofgekuckt. An den USA sollen schonn 14% vun den Erwuessenen an 12% vun de Kanner kierperlech a psychesch Zeechen fir eng Sucht weisen.
Mee wat ass den Trick vun der Industrie, dass mir ëmmer nees am Supermarché dohinner gräifen, an déi Produiten an de Caddy leeën?
Et ginn bewosst Geschmaachsverstäerker, Faarfstoffer an allerlee soss dragemixt fir dass en Dopaminschub am Gehier ausgeléist gëtt. Dat Belounungshochgefill, wat een dann ëmfënnt, wëll ee sech dann ëmmer erëm gonnen. De Foodkonzern fideliséiert domadder de Client a vun deene ville Kalorien, Salz, Zocker, Transfetter, gëtt de Konsument jo eréischt no enger gewësser Zäit krank oder e stierft. Fänkt guer net laang domadder un, och net als Noutléisung. E mediterrane Regime, och selwer gekacht ass séier gemaach, schmaacht besser a mécht och net ofhängeg.