
© Pixabay
... 77 Joer gëtt zu Paräis d'Organisatioun fir wirtschaftlech Zesummenaarbecht an Entwécklung gegrënnt. Primäert Zil vun der OECD ass et, déi europäesch Länner anzebannen an d'Verwende vun de Gelder vum Marshallplang. Zu de 16 Grënnungsmemberen zielt och Lëtzebuerg.
D'Amerikanerin Harriet Quimby ass Journalistin, Reporterin a Pilotin. 1912 ass si déi éischte Fra, déi eleng iwwer d'Manche flitt. An engem franséische Fliger mécht si sech zu Dover op de Wee a lant 59 Minutte méi spéit op enger Plage 40km vu Calais ewech. An der Press fënnt deen historesche Vol awer kaum Resonanz, well déi international Schlagzeile vum Ënnergang vun der Titanic dominéiert ginn.
1934 gëtt den Éierentitel Held vun der Sowjetunioun presentéiert. Et ass déi héchsten Auszeechnung fir perséinlech a kollektiv, mat enger Heldendot verbonne Verdéngschter fir Staat a Gesellschaft vum Land. Domat verbonnen ass déi eemoleg Ausbezuelung vun der Pai vun engem ganze Joer. Geschafe gëtt den Titel fir d'Retter ze éiere vun der Besatzung vun engem Expeditiounsschëff, dat am Nordpolarmier ënnergaange war.
De Schwäizer Chemiker Albert Hofmann entdeckt 1943 zoufälleg déi psychoaktiv Wierkung vun LSD. Hie hat d'Mëttel scho 5 Joer méi fréi als Stimulanz fir de Kreeslaf hiergestallt. Opgrond vu sengem Potenzial gëtt LSD laang an der Psychotherapie als Medikament agesat. An der Zäit vun den Hippie gëtt et zur verbreeter Drog, déi Ufank de 70er verbuede gëtt.
1945 attackéiere polnesch a sowjetesch Truppen déi sougenannte Seelower Höhen. Et ass den Ufank vun der finaler Schluecht ëm Berlin am Zweete Weltkrich. Dee selwechten Dag torpedéiert e sowjetescht U-Boot op der Ostsee dat däitscht Schëff Goya, dat mat Flüchtlingen iwwerlueden ass. Ronn 7000 Leit fannen dobäi den Doud. Et ass bis haut eng vun de schwéierste Schëffskatastrophen.
1964 ginn d'Membere vun där englescher Raiberband verurteelt, déi e Joer virdrun en Zuch vun der Post iwwerfall an ëmgerechent ronn 70 Milliounen Euro geklaut hat. 7 Mann kréien 30 Joer Prisong. Déi meescht Banditte sëtzen hir Strof of oder kréie se verkierzt - 2 vun hinne briechen awer aus a verstoppe sech jorelaang. Vum geklaute Geld gëtt just e Brochdeel erëmfonnt.
D'Staats- a Regierungscheffe vun de 15 EU-Staaten an den 10 neien ost- a südosteuropäesche Memberlänner ënnerschreiwen 2003 zu Athen de Bäitrëttsvertrag zur EU-Osterweiderung. Vum 1. Mee 2004 u wäerten da mat dobäi sinn d'Länner Estland, Lettland, Litauen, Polen, Tschechien, Slowakei, Ungarn, Slowenien, Malta an Zypern.