E Samschdeg sinn och d'Motorradsfuerer nees am Asaz fir de gudden Zweck. Zanter méi wéi 10 Joer schonn organiséiert de Moto-Club Kayldall all Joer en Tour mam Moto duerch eist Land a sammelt esou Sue fir den Télévie.

21/04/2025 Télévie 2025: Moto-Tour

Lass geet et e Samschdeg de Moien géint 10:30 Auer zu Rëmerschen, vis-vis vun der Jugendherberg.

Um Programm: E flotten Tour um Moto duerch eist Land, dat zesumme mat villen anere Motosbegeeschterten. An dat wéi gesot och nach fir de gudden Zweck. Alain Rodenbour vum Moto-Club Kayldall:

"Mir starten zu Schengen respektiv Remerschen vis-à-vis vun der Jugendherberg. Vun do fuere mer op Schuller, do maache mer zwou Stonne Paus fir d'Mëttegiessen an da starte mer do mat enger Schleef op Käerch. Et ginn 80 Kilometer Mëttes déi mir fueren, flott duerch d'Bëscher a mir hoffen, dass d'Wieder matspillt."

Matfuere kann alles wat Rieder huet an ënnert d'Kategorie Motorrad fält, also souwuel ganz normal Motorrieder wéi awer och Sidecars oder Quatten an Triken. Sou sinn dann och all Joer genuch Gefierer um Start:

"Dat hänkt ëmmer vum Wieder of. Also mir leien tëscht 200 a 400 Motoen an der Reegel. Et waren der scho méi, et waren der awer och scho manner."

Umelle fir de Präis vun 20 Euro, déi un den Télévie ginn, kënnt Dir Iech nach beim Moto-Club Kayldall. Dat ass eng Méiglechkeet.

"Et kann ee sech och op der Plaz umellen. Mir gesi mueres wéi vill dass der do sinn. Ech mengen et ass nach fréi am Joer, d'Leit kucken zur Fënster eraus, wa gutt Wieder ass, komme se a wa kee gutt Wieder ass da komme se net. Mee et kann ee jiddereen op d'Plaz kommen a sech do umellen."

An dat ab 9 Auer Moies. Wann Dir deemno dëse Samschdeg um groussen Télévie Dag nach näischt um Programm hutt, e Motorrad doheem an der Garage stoen hutt, da sidd och Dir mat dobäi an hëlleft domadder der Kriibsfuerschung.