
© rtl.lu
... 61 Joer weit d'Grande-Duchesse Charlotte dat neit Pompelspäicherwierk Veianen an. Deel dovun sinn 2 Uewerbecken an déi gestauten Our. D'Elektrizitéitswierk, deem seng Pläng op 1925 zréckginn, ass dee Moment dat gréisste vu senger Aart a ganz Europa.
1897 steet an der Dageszeitung Dallas Morning News, dass an der texanescher Uertschaft Aurora en UFO mat enger Mille kollidéiert an erofgefall wier. De Pilot wier um lokale Kierfecht begruewen an d'Iwwerreschter vum Raumschëff an de Bur vun der Mille gehäit ginn. Réischt 80 Joer méi spéit wäert erauskommen, dass d'Awunner vun Aurora sech dee Witz erlaabt haten, fir hir kleng Stad an d'Gespréich ze bréngen, nodeems se net un dat lokaalt Eisebunnsnetz ugeschloss gi war.
Duerch den Zesummeschloss vun 3 Produktiounsgesellschaften entsteet 1924 zu Hollywood de Filmstudio Metro-Goldwyn-Mayer. MGM - déi mam Léiw am Firmelogo. Ëmmer erëm geréit d'Entreprise a finanziell Schwiregkeeten a gëtt 2005 un ee vu Sony geféierte Konsortium verkaaft. 2022 gëtt MGM fir 8,45 Milliarden Dollar vun Amazon iwwerholl, inclus de ganze Film- an Tëleeskatalog.
Déi éischt Weltausstellung nom Zweete Weltkrich geet 1958 zu Bréissel op. Haaptsujete sinn d'Zukunftstechnike Raumfaart an Atomkraaft. Zu den Highlighten zielen den Atomium a Modeller vun de Sputnik-Satelliten. Doduerch gëtt de sowjetesche Pavillon dee meeschtbesichte vun der Ausstellung. Gutt 41 Millioune Visiteure ginn am ganze gezielt - den Entréesticket kascht 30 belsch Frang.
1961 landen eng 1300 Exilkubaner, déi an d'USA geflücht waren, an engem Invasiounsversuch an der sougenannter Schwéngsbucht op Kuba, fir dem Fidel Castro säi Regimm ze stierzen. Ënnerstëtzt vun der CIA geréit déi Aktioun awer no puer Deeg zum Fiasko, an den US-President John F. Kennedy muss ëffentlech d'Verantwortung dofir iwwerhuelen.
Op der Weltausstellung zu New York presentéiert Ford de neie Modell Mustang, deen déi jonk an dynamesch Keefer usprieche soll. Domat gëtt déi nei Klass vun de sougenannte Pony-Cars gegrënnt. De Succès ass direkt do - schonn um éischten Owend leien 22.000 Bestellunge vir - den Dag drop gi landeswäit an 2600 Zeitungen favorabel Artikele geschriwwen iwwert de Mustang.
Haut viru 4 Joer ass et d'Begriefnis vum Prënz Philip. Der Queen Elizabeth II. hire Mann war zwee Méint viru sengem 100. Gebuertsdag op Schlass Windsor verscheet. D'Zeremonie, déi wéinst der Covidpandemie net wéi geplangt kann ofgehale ginn, gëtt live op der Tëlee iwwerdroen. D'Biller vun der Queen am Trauer, déi eleng op hirer Plaz sëtzt, ginn ëm d'Welt.

© AFP