
© Pixabay
... 70 Joer treffe sech zu Bandung an Indonesien Representanten aus 23 asiateschen a 6 afrikanesche Länner, déi zesumme méi wéi d'Hallschent vun der Weltbevëlkerung stellen. Vun de Politiker gëtt hei eng éischte Kéier de Begrëff "Drëtt Welt" benotzt, an Ofgrenzung zu de politesche Bléck aus West an Ost - vun der Éischter an Zweeter Welt.
1906 zerstéiert e schwéiert Äerdbiewen de gréissten Deel vu San Francisco. Et huet eng Stäerkt tëscht 7,8 an 8,5 Punkten an ass laanscht déi ganz West Coast ze spieren - op der San Andreas-Verwerfung gesäit een en däitleche Broch. 4 Deeg laang brauchen d'Pompjeeën, fir déi sëllege Bränn ënner Kontroll ze kréien. Bis zu 3000 Mënschen kommen ëm.
Am Pazifikkrich fléien d'Amerikaner 1942 eng iwwerraschend Attack op déi japanesch Haaptstad Tokio. Et ass déi éischt Äntwert op de japaneschen Iwwerfall op Pearl Harbour. Déi 16 Bombere riichte net vill Schued un, sinn am psychologesche Sënn awer e wichtege Meilesteen an der amerikanescher Krichsféierung.
1947 kënnt et op der däitscher Nordséiinsel Helgoland zum British Bang. Mat der bis dohi gréisster net-atomarer Explosioun sprengt d'Royal Navy däitsch Bunker- a Militäranlagen aus dem Zweete Weltkrich. 6.700 Tonne Munitioun aus den 2 leschte Kricher detonéieren - d'Vibratioune sinn a 70km nach ze spieren, de Champignon aus Damp a Stëbs klëmmt 9km héich.
1949 trëtt de Republic of Ireland Act a Kraaft. Irland gëtt domat offiziell zur Republik, an trëtt aus dem Commonwealth aus, mä soss bleift praktesch alles beim Alen. 1952 gëtt dowéinst den Titel vun der Queen ugepasst. D'Bezeechnung Kinnek oder Kinnigin vun Irland gi komplett ofgeschaaft.
D'Kompetitioun tëscht europäesche Staaten duerch eng iwwernational Struktur verhënneren. Dat ass d'Zil vun der CECA, déi 1951 gegrënnt gëtt. Dëse Plang geet zréck op de franséischen Ausseminister Robert Schuman a gëtt alle 6 Memberstaaten, dorënner Lëtzebuerg, den Zougang zu Kuelen- a Stolproduktioun, ouni dofir mussen Taxen ze bezuelen.
2021 gëtt mat der Super League eng nei Kompetitioun am europäesche Veräinsfuttball presentéiert. 12 Clibb aus England, Italien a Spuenien verspriechen sech dovu méi Geld an eng besser Vermaartung wéi an der Champions League vun der UEFA. Nodeems vun alle Säite massiv Kritik kënnt, gëtt de Projet gestoppt an hannert de Kulisse weiderentwéckelt. Entretemps heescht se Unify League, mä nach ëmmer wäit vun operationell.