
© Pixabay
... 186 Joer gëtt duerch den Traité vu London déi belsch Onofhängegkeet unerkannt a Lëtzebuerg a Limburg tëscht der Belsch an Holland gedeelt. Lëtzebuerg kritt doduerch seng haiteg Gréisst.
1904 fiert de Charly eng éischt Kéier vun der Stad Lëtzebuerg op Iechternach. D'Schmuelspuer-Eisebunnslinn huet eng Längt vu 45,8km, déi bis Mëtt 1954 bedriwwe gëtt. De Numm Charly geet zréck op den deemolegen zoustännege Generaldirekter fir ëffentlech Aarbechte Charles Rischard. Haut féiert e groussen Deel vun der Vëlospist PC2 iwwert den ale Charly's-Tracé.

© Pixabay
1943 fänkt am Zweete Weltkrich den Opstand am Warschauer Ghetto un, fir géint weider Deportatiounen a Vernichtungslageren ze protestéieren. Wochelaang gëtt batter gekämpft, bis d'Nazien e Mount méi spéit den Opstand definitiv néierschloen. Um Enn loossen dobäi eng 12.000 Leit hiert Liewen.
1956 bestit déi amerikanesch Actrice Grace Kelly de Rainier III. vu Monaco. D'Hochzäit gëtt zu engem vun de bedeitendste Medieneventer vun de 50er Joren a vu méi wéi 30 Millioune Leit op der Tëlee suivéiert. Duerch deen internationalen Interessi gëtt d'Principautéit zum Zentrum vun der High Society en erlieft e wirtschaftlechen Opschwong. D'Schauspillerin hëlt mat hirem neien Titel de Numm Princesse Grace de Monaco un.
No ronn 7 Woche Belagerung gëtt zu Waco am Texas eng Ranch gestiermt, an där sech militant Membere vun enger Sekt verstoppen. Dobäi brécht e schwéiere Brand aus, an 82 vun de 87 Persounen am Gebai kommen ëm d'Liewen. Op den Dag genee 2 Joer méi spéit ass d'Revanche fir des Tragedie d'Haaptmotiv fir den Uschlag op e Regierungsgebai zu Oklahoma City. Ee mat Sprengstoff geluedene Camion explodéiert a rappt 168 Mënschen an den Doud.
Habemus Papam - 17 Deeg nom Doud vum Jean-Paul II. gëtt den däitsche Kardinol Joseph Ratzinger haut virun 20 Joer zum neie Poopst gewielt. No 2 Deeg Konklav steet d'Decisioun vun den 115 Kardineel déi drun deelhuele fest. De Ratzinger gëtt den 265. Poopst an hëlt de Numm Benoît XVI. un. Den Dag drop schreift eng däitsch Dageszeitung "Wir sind Papst".