
© AFP
... 15 Joer explodéiert am Golf vu Mexiko d'Uelegplattform Deepwater Horizon. Wärend 87 Deeg lafen duerno eng 800 Millioune Liter Ueleg an d'Mier, wat zur gréisster Ëmweltkatastroph vun allen Zäite féiert.
1887 gëtt a Frankräich déi éischten Autoscourse organiséiert. Vu Paräis geet et op Versailles an zréck - et gewënnt de Autospionéier Albert De Dion. Op sengem Dampdräirad La Marquise erreecht de Fransous eng Duerchschnëttsvitess vu knapp 26km/h. Hien ass deen Eenzegen um Depart.
1964 gëtt an Italien dat éischte Glas Nutella produzéiert. Entwéckelt gouf de séisse Produit scho 1940, Virbild fir d'Mass aus Nëss, Zocker a Kuvertür war Nougat, aus deem Knippercher gemaach goufen. Den Numm setzt sech zesummen aus dem engleschen Nut fir Noss an der italieenescher weiblecher Verklengerungsform -ella. Nutella ass entretemps zum Deonym ginn - all aner änlech Crème gëtt och esou bezeechent.
4 Méint no der Samette Revolutioun gëtt d'Tschechoslowakei 1990 offiziell ëmbenannt an Tschechesch a Slowakesch Federativ Republik. Enn Dezember 1992 wäert de Staat opgeléist ginn, an doraus déi 2 Länner Tschechesch a Slowakesch Republik entstoen.
1992 ass am Londoner Wembley Stadion de Freddie Mercury Tribute Concert for Aids Awareness. D'Membere vu Queen trieden zesumme mat sëllege Weltstaren op, déi déi gréissten Hitte vun der Kultband sangen. De Concert gëtt live op der Tëlee an um Radio iwwerdroen, a mat de Recettë gëtt de Mercury Phoenix Trust gegrënnt.
No 28 Joer sougenannter "Stadtguerilla" annoncéiert d'Rote Armee Fraktioun 1998 hir Opléisung. Déi lénksextremistesch Terrorgrupp ass an Däitschland responsabel fir zeg Uschléi op Acteuren aus Politik, Wirtschaft a Verwaltung. 33 Leit komme bei RAF-Attentater ëm d'Liewen, méi wéi 200 gi blesséiert.
1999 stierwe beim Amoklaf op der Columbine High School bei Littleton am Colorado 12 Teenager an e Proff. Zwee Primaner wollten eigentlech an der Kantin zwou selwer gebaute Bommen explodéiere loossen. Nodeems dat wéinst technesche Problemer net klappt, fänken déi 2 u mat schéissen. No enger Stonn gi se op a brénge sech selwer ëm. Bis haut leiden déi Iwwerliewend un de psychologesche Suitte vun der Dot.