... 36 Joer gëtt a Japan de Game Boy presentéiert. Matgeliwwert gëtt d'Spill Tetris. Déi portabel Spillkonsol vu Nintendo gëtt mat méi wéi 120 Milliounen Exemplairen zu enger vun de meeschtverkaafte vun allen Zäiten.

21/04/2025 Haut virun...

1856 ginn zu Melbourne Steemetzer an Aarbechter op d'Strooss. Mat hirem Marsch bei d'Parlament fuerdere si den éischten Aachtstonnendag vun der Welt, deen zanterhier Symbol ass fir demokratesch erkämpften Aarbechtsrechter. Schonn am 18. Joerhonnert waren a Groussbritannien änlech Fuerderungen opkomm. Slogan vun der Beweegung: 8 Stonne schaffen, 8 Stonne Fräizäit, 8 Stonne schlofen.

Zu Frankfurt kënnt et 1873 zu de sougenannte Béierkrawallen. Ausgeléist duerch eng méi wéi 12-prozenteg Präiserhéijung, zéien honnerte rosen Aarbechter an d'Bannestad an zerstéiere sëllege Lokaler. D'Police ass iwwerfuerdert a rifft d'Militär ëm Hëllef. D'Zaldote schéissen an d'Demonstranten a bréngen der esou 20 ëm. D'Brauereie kënnegen duerno un, de Béierpräis erëm erofzesetzen op den ale Montant.

Brasilia gëtt 1960 Haaptstad vu Brasilien. Rio de Janeiro gëtt fale gelooss, well eng Haaptstad méi no um geographeschen Zentrum vu Brasilien der Entwécklung an der Infrastruktur vum Banneland zegutt komme soll. 1922 war schonn de Grondsteen fir Brasilia geluecht ginn - déi geplangte Stad krut als Grondrëss e Kräiz, quasi als Markéierung vum Zentrum vum Land op enger Kaart.

1962 geet zu Seattle an den USA d'Weltausstellung op. Si ass inspiréiert vun der Course ëm de Weltall, an zitt bal 7 Millioune Visiteuren un. Haaptattraktioun an deem Sënn ass déi sougenannte Space Needle - en 184m héijen Tuerm, deen haut nach all Joer méi wéi eng Millioun Leit unzitt. D'Expo zu Seattle ass iwwregens eng vun de wéinege Weltausstellungen, déi Gewënn maache kann.

Mam Grousse Präis vu Portugal gewënnt den Ayrton Senna haut viru 40 Joer säin éischte Formel 1 Grand-Prix. Am verreenten Estoril huet de Brasilianer a sengem Lotus-Renault um Enn méi wéi 1 Minutt Avance op den Zweete Michele Alboreto am Ferrari. De Senna sollt am Ganzen 41 Grand-Prix gewannen a senger Karriär.

Op Sri Lanka kënnt et haut viru 6 Joer zu enger Serie vu Bommenuschléi op 3 Kierchen a 4 Hoteller. No bei der Stad Colombo kommen op Ouschtersonndeg méi wéi 350 Leit ëm d'Liewen. Den Autoritéite no stécht eng lokal radikal islamistesch Grupp vun Dschihadisten hannert der Dot - gläichzäiteg reklaméiert och den IS dat Attentat fir sech.