Eleng schonn d'Annonce vun Douane's Taxen, an duerno d'Retour Kutsch vun der EU, goungen duer fir dass d'Märt dach staark reagéiert hunn.  Strof Taxen, déi jo elo emol bis Mëtt Juli ausgesat sinn, hätte natierlech Konsequenze fir US Import Gidder, notamment bei Harley&Davidson.

Do mécht e sech allzäit egal wéi scho Suergen wéi de Christian Schmit op hiren Open Days gewuer gouf.

22/04/2025 EU Strof Taxen, Beispill Harley&Davidson (MAT USO)

Strof Taxen vu 25% di wéi. Bei enger Fläsch Bourbon oder Jeans, awer ganz besonnesch bei engem Motorrad Made in USA. Bei aktuelle Präis Schëlder vun 30 000 Euro a méi, kann e sech séier ausrechnen wat dat bedeite géif.Mir wollte wësse wéi d'Händler dorop reagéieren. Mee de Gerant seet mir fein mee bestëmmt dass si sech net géifen, oder besser dierfen dozou äusseren.

RTL
RTL

Mee dofir awer déi vun HOG Chapter Luxembourg. Steet fir Harley&Davidson Owners Group dee säi Siège an der Concessioun zu Mutfert huet. De President Georges Merenz.

¨

Do gëtt vill hin an hir gespillt. Et ass e politesche Schachzuch vun Amerika oder och net? Et weess kee wat do kënnt, wat mir wëssen dat ass dass de klenge Mann dorënner leid wëll d'Harleyen vläicht méi deier ginn. Ginn si méi deier, da ginn d'Occasiounen och méi deier. Wëll den Occasiouns Marché hänkt jo och un deene Neien drun.

Gëllt dat och fir de ganze Merchandising ronderëm freet e sech? D'Motoe kommen aus den USA, mee de ganze Rescht jo dach éischter Made in Asia.

Eng 1000 där US Motorrieder lafe bei eis. An d'Fans bléifen der Mark trotzdeem trei?

RTL
RTL

  

Also mäin éischte Moto war eng Harley an dat bleift och ëmmer esou. Firwat? Wëll et dat Ganzt ass. Aner Leit géife soen mir hunn esou vill Gezei kaf, do gëtt et vill ze deier fir elo en anere Moto ze kafen. Jo an ech muss net onbedéngt e Neie kafen. Ech hunn der e puer an déi fueren ech, muss een elo ofwaarde wat geschitt. 

Ech weess elo ee Kolleg vun eis deen huet elo séier eng kaaf wëll en zu sénger Fra gesoot huet de Präis gëtt elo méi héich. Deen huet elo de Billjee geknipst krut, dofir konnt deen eng kafen...

Ugeholl et kéim zu den annoncéierte Strof Taxen, wéi géif dee Surplus dann eventuell opgedeelt ginn?

RTL
RTL

Dat do war schonn eng Kéier do, deemols war esou e Gerücht dass den Händler soll en Deel iwwerhuelen, en Deel Harley, an de Client och. Deen Deel vum Client dann och ni méi réckgängeg gemaach gëtt, an dass d'Harleyen déi schonn enorm deier sinn, dann nach ëmmer deier blieiwen. An da muss een och kucken, packt en händler dat iwwerhapt?


Egal wéi, esou war ze verlauschteren, Harley&Davidson ass elo schonn de Gewënner, wëll?

Wëll dee säi Stock u seng Händler verkaf huet. An d'Händler sinn elo schonn d'Verléirer wëll déi Stocke riets a lénks opkaf hunn, an déi di Motoen jo elo emol un de Mann musse bréngen. Also dat ass schonn e komescht Gespills. 

Ech menge wann ech gesoot kréien deng Wuer gëtt méi deier, da kucken ech emol alles ze kréien wat dës Säit dem Pull ass, a wat ech zum alen Tarif ka kréien.  

RTL
RTL