
Wann een vun Déier an Dolly schwätzt, dann kënnt engem ëmmer e ganz bestëmmt Schof an de Kapp. Bei der RTL Déierendoktesch Romi Roth ass haut awer en anere Patient gemengt. D´Dolly war schonn ëmmer eng ganz nervös, oft och e bëssen traureg Kaz. A well hier Leit fir d´Aarbecht oft a laang net doheem sinn, hate si him fir d´Gesellschaft eng Gevuedesch, eng zweet Kaz derbäi geholl.
Schonn deemools war d´Dolly du fir laang Zäit net amused. Et hat därmoossen d´Flemm, dass et sech um ieweschte Juck vum Haus an do uewen op en héije Schaf verfuusst hat. Esou konsequent, dass et och fir säi Friessen net méi vun do bougéiert huet. Kierzlech huet d´Famill dunn och nach de Mupp vun enger stierweskranker Tatta missen ophuelen. Do war beim Dolly dunn definitiv d´Mooss gestrache voll: déi wonnerschéin Tigerkaz huet sech bannent manner wéi enger Woch den Ënnerbauch an dat Bannescht vun den ieweschte Beenercher komplett epiléiert.
Als Laien kommen engem direkt e puer Ursaachen an de Kapp, mee do kann een och komplett dernieft leien.
Hier Leit haten e Parasit oder vläicht och een Hautpilz am Verdacht. Mat mikroskopescher Ënnersichung vun de Fliichten aus der Ëmgéigend an curettéiertem Hautmaterial waren déi séier eliminéiert. Et war kloer, dass d´Dolly FSA hat (Feline Selinduced Alopecia). Séilesche Stress war hei ouni Zweiwel déi pathologesch Ursaach, wéi och domat bewise gouf, dass no e puer Woche Behandlung mat engem Mëttel géint de Psychostress, dem Dolly säi getigerte Buuscht nees gutt nogewuess koum.