Dëse Sonndeg ass et un der 14. Editioun vum Festival PICelectroNIC. Dëse gëtt all Joer vun de Rotondes organiséiert a war bis dato ëmmer iwwert 2 Deeg um Site an dat um Site vun Rotondes. Dat ass dëst Joer awer anescht.

Joëlle Linden, Coordinatrice vum Festival:

"Déi Leit déi opmierksam sinn, hu vläicht gemierkt, dass dëst Joer bei den Titel PICelectroNIC eppes dobäi komm ass an zwar de "Mini" an den "am Park". Dëst Joer fënnt de Festival nämlech net wéi gewinnt op 2 Deeg mee just op engem Dag an zwar Sonndes statt an eben och am Park, op der Place du Parc zu Bouneweg."

Dat wéinst Ëmbau-Aarbechten am grousse Sall vun de Rotonden. Ma trotz de Changementer bleift de Vibe awer dee selwechten:

"Um Programm sti Concerten, Atelieren, interaktiv Installatiounen a Performancen. Eben alles wat sou e klassesche PIC och soss ze bidden hat, just dëst Joer op engem Dag an alles dobaussen."

Mat vun der Partie sinn dëst Joer, wat dee musikalesche Volet ugeet, ënnert anerem de Mambo Schinki oder awer och "No Mattle in this Battle".

"Ronderëm wäerten et nach kleng Installatiounen an Atelieren ze entdecke ginn. Ënnert anerem wäert en Trompettist op verschiddene Plazen optauchen a kuerz Stécker spillen, en DJ wäert vun engem Balcon spillen. Mir hunn e mobillen Dancefloor dee sech mat senger Disco-Kugel ronderëm beweegt an och eng Rëtsch Ateliere fir matzemaachen. Do kann ee sou wuel kleng Instrumenter bastele wéi och e Beewrap."

Den Numm ass dann hei och Programm an esou dierf de Picnic op dësem Festival natierlech net feelen:

"Mir hunn do de Picnic-Dress wou d'Leit drop kënne sëtzen an hire Picnic iessen an och e puer Dëscher wou ee ka sëtzen. Mee et stinn awer och e puer Foodtrucks do wou ee sech ka vu Burger bis Glace, Häerz wat begiers de, alles ka kafen."

Rendez-vous wéi gesot dëse Sonndeg. Ab 10 Auer Moies kann een hei de ganzen Dag iwwer vill erliewen an dat och nach gratis. De ganze Programm vum Festival dee sech un déi ganz Famill riicht, fannt Dir op rotondes.lu.

.