Virgëschter stoung de Gromperekichelchen de ganzen Dag iwwer bei eis am Mëttelpunkt. Eisen RTL Reporter, de Christian Schmit, war zu Eeselbuer bei Klierf an der Produktioun mat dobäi. Vun do aus ginn déi dann duerch d'ganzt Land a landen op villen Telleren, awer och op all Kiermes, Mäertchen oder der Fouer.

Wien de Gromperekichelchen tatsächlech erfonnt huet, léisst sech net méi novollzéien. Et geet een awer dovun aus dass deen am zweete Weltkrich schonn op den Teller koum, aus der Nout eraus wëll d'Leit kee Geld fir Fleesch ze kafen. Gromperen, Zwiwwelen, Eeër, Miel, Peffer Salz a Kraider gi gebraucht fir d'Rezept. Natierlech muss dat eng gutt Gromper sinn, a bei de Gromperekichelcher Made in Luxembourg kommen déi vun heiheem. De Produzent ass den direkte Noper. Awer d'Gromper verännert sech no der Recolte...

RTL

CUT BEST OFF 1

Ee Gromperekichelchen dat sinn eng 100 Gramm, an dat ass och elo ëmmer d'selwecht portionéiert. Wéi op engem Karussell dréine si am Fett, fir dann no e puer Minutten fäerdeg ze sinn. Da gi si Schock gefruer, an duerno agepaakt fir an de Rayon.

Gromperekichelcher sinn och bei jidderengem beléift, an dat geet vu Generatioun zu Generatioun virun.

CUT BEST OFF 2

Mee et ginn och Leit déi hir Gromperekichelcher léiwer séiss wéi gehäerzt hunn. An déi iessen hir da mat ganz vill Zocker. Tjo wéi esou dacks eng Affär de Goût. Natierlech kënnt en och elo mat op d'Menü's Kaart am Restaurant, oder?

CUT BEST OFF 3

6 Leit ginn duer fir Gromperekichelcher fir d'ganzt Land ze produzéieren. Op deem neie Site zu Eeselbuer bei Klierf geet elo villes maschinell, an et ass enorm wéi vill der all Dag do kënne produzéiert ginn.

CUT BEST OFF 4

Voilà an elo lafen Kiermessen jo schonn uechtert Land an och den Oktave Mäertchen ass net méi wäit, do kann e sech jo da virstellen dass duebel Schichte gefuer ginn.

Traditionell mat Äppel Kompott an eng Portioun dat sinn ëmmer 3 Stéck.

RTL