
© Patrick Greis
Mir si matzen an der Téléviewoch mat e Samschdeg der grousser Final am ganze Land a speziell an den 4 Téléviezentren Rodange, Schengen, Käerch an Dippech. Do gi Suen gesammelt fir d'Fuerschung géint de Kriibs z'ënnerstëtzen, an et gëtt och gutt Nouvellen op deem Plang. Den Dr Marc Keipes, Dokter am GesondheetsZenter op der Gare huet sech d'Zuelen ugekuckt, déi an déi richteg Richtung weisen an Hoffnung maachen.
Zanter dem 2ten Weltkrich an och nach rezent geet d'Zuel vum Mokriibs ganz vill zeréck. Zum Beispill a Frankräich vu 9.000 Fäll 1980 op 6.500 Fäll am Joer 2018 an dat obwuel d'Zuel vun den Awunner an deene bal 40 Joer staark geklommen ass. Och d'Speiseröhre- verschidden ORL Kriibse ginn manner. D'Grënn sinn, dass duerch de Frigo dee mer nom Krich alleguerten kruten manner Gesolpertes oder gereechert Iesswueren giess ginn, et gëtt awer och manner gefëmmt a staarken Alkohol gedronk.
An d'Lëscht mat de 'Good News' kann een nach viru féieren.
Et gëtt och manner Uterushalskriibs well zanter bal 20 Joer géint den HPV Virus geimpft gëtt. Vu dass déi och fir e véierel vun den ORL Kriibsen matverantwortlech sinn ginn déi och zeréck. Och den Eeërstackskriibs hëlt of no enger Etüd aus dem 'Jama Oncology'. Eleng wann een 10 Joer Antibabypëll geholl huet senkt dat de Risiko ëm 40%. Also Risikofacteur erkennen ass wichteg, se dann och aus dem Liewensstil verbannen bréngt eppes. Mir wëssen meeschtens, wat gesond ass, kommt mir maachen dat elo mol einfach, da bleiwe mer gesond.