Den Owend kuerz virum Journal op der Tëlee gesitt Dir datt net nëmme Wäin op der Musek produzéiert gëtt. An den Energie Tipps mat der Klima Agence geet et bei de Privatwënzer Domaine Gloden et fils.

23/04/2025 Energie Tipps: Stroum deelen

Déi ganz Geschicht ass ganz flott gewiescht. Mir souzen zu Veianen mat eisem Client zesummen. Nodeem, datt ech deem verroden hunn, datt mer eng Anlag kréien an als Betrib warscheinlech e risen Iwwerschoss hunn, huet den Här Petry gesot, ech kafen der deen Iwwerschoss op.

An der Reegel gëtt beim Wënzer sou vill Stroum gebraucht wéi an engem normalen Haushalt, ausser et gëtt produzéiert. Ënnert dem Stréch eng Rechnung déi opgeet.

Eng Win Win Situatioun fir déi zwou Säiten, well eng Kéier de Produzent, dee kritt e besseren Tarif wéi wann en elo aspeist an de Verbraucher, dee kritt méi bëllege Stroum.

Wann dat iwwer 300 Meter erausgeet, schwätzt ee vun enger Nationaler Energiecommunautéit, méi kleng ass eng lokal Energiecommunautéit, an do kënnt dann erëm de Smarty an d'Spill, d'Sarah Juchems vun der Klima Agence.

Et gëtt gekuckt all véierel Stonn, wou ass op enger gewëssener Plaz produzéiert ginn a wou ass verbraucht ginn an da gëtt dat eebe matenee verrechent, ouni dass do eebe muss eng Leitung verluecht ginn. Dat heescht dat Ganzt geschitt u sech virtuell.

Jee no Consomatioun mécht deele scho Sënn, da kann den Noper, d’Famill oder de Kolleeg vum bëllege grénge Stroum profitéieren.

Gestionnairë vun de Reseauen, déi wëssen ebe Bescheed, wou et Groupes de partage gëtt, wie kritt wéi vill, a si rechent aus, a gesäit dann am Endeffekt wéi vill kritt dann déi Persoun vill an all déi Donnéeën, déi en dofir brauch, ginn eeben op der Leneda -Plattform zur Verfügung gestallt.