
Dëse Weekend richt et erëm no Bensinn a Gummi ronderëm Eschduerf. Déi 33. Editioun vun der Biergcourse wäert erëm vill Spectateure laanscht déi 1850 Meter laang Streck lackelen.
De President vun der Union des Pilotes Luxembourg, de Laurent Rausch, weess wou et besonnesch intressant ass fir ze kucken.
Et sinn och immens vill Kéieren dran. Den ënneschten Deel ass immens technesch, deen ieweschten Deel ass zimmlech schnell. Et ass iwwerall e bësse kuckenswäert. Bon, déi meescht Leit, déi stinn an der Zilkéier uewen, mee dat schreckt d'Leit awer elo net of, fir iwwert dee ganze Parcours kucken ze goen, well wann een zu Fouss erof trëppelt, an et ass een ze midd fir erop ze trëppelen, mee dee ka gäre vum Shuttle Service profitéieren, dee fiert da baussen erëm erop.
150 Piloten aus 7 Natiounen trieden dëst Joer un. Training ass muer, e Sonnden dann d'Course selwer.
Et rentéiert sech u sech, fir déi zwee Deeg kucken ze kommen. Samschdes ass Training. D' Leit ginn elo nach net direkt alles, probéieren awer natierlech alles aus. Sonndes ass d' Kurs selwer, wou et dann och ëm d' Decisioune geet, wie gewënnt, wie gewënnt d' Klassen, wie hëlt de Streckerekord.
De Virverkaf ass fäerdeg, mat et ginn nach Ticketen op der Plaz.
Dat ass fir 15 Euro fir Samschdes, 20 Euro fir e Sonndesticket a 25 Euro fir e Weekendpass. An dat Ganzt fänkt samschdes um 9:15, a sonndes 8:30 un.
Nach zwou praktesch Informatiounen; fir d'éischt d'Geschicht mam Parking.
Mir hunn alles dëst Joer nach vill besser geschëldert, wou de Parking ass. Ech roden de Leit perséinlech of, sech an de Parkverbuet ze stellen, well de Veräin kënnt net dofir op. An d' Police wäert och warscheinlech aktiv sinn.
An dann d'Saach mam Dreck.
D'Leit solle sech e bëssen un d' Reegelen halen, sief dat d'Iessen oder den Dreck an d' Poubelle geheien, e bësse Respekt virun der Natur weisen an haut och virun den Déieren. Ech mengen déi Bauere ginn eis déi Wisen zur Verfügung a mir sinn natierlech frou, wa mer ëmmer erëm kënnen zréckkommen.