Et ass e Konveniat vun der Extraklass, deen de Lycée Guillaume Kroll zu Esch/Uelzecht fir den 100. Gebuertsdag organiséiert.

07/05/2025 Konveniat am Lycée Guillaume Kroll

Obwuel wann ee seet, datt den LGK dee ronnen Anniversaire feiert, dann ass dat just en Deel vun der Wouerecht, well 1924 huet nach kee vum Lycée Guillaume Kroll geschwat, erkläert den Directeur adjoint Tom Schmitt.
Eigentlech ass eis Schoul 1924 gegrënnt ginn, an zwar als École professionnelle de l'État a gouf dunn 1979 zum LTE, zum Lycée Technique Esch an 2018 am Kader vun der Reform vum Schoulgesetz gouf de Lycée eeben a Lycée Guillaume Kroll ëmbenannt.

A fir dee Konveniat sinn all déi invitéiert, déi duerch déi Schoule gaange sinn an do geschafft hunn, esou d'Marie Degée, Attachée à la Direction.
All déi Leit, déi jee hei Schüler waren, déi Enseignante waren, déi hei geschafft hunn, déi sinn invitéiert, ob se an der École Professionnelle de l'État, dat war mol nach net hei am Gebai oder am Lycée Technique Esch, dat war deelweis hei am Gebai, awer deelweis och nach an deenen anere Gebaier, déi mer haten, well där hate mer 4 am Ganzen, jiddwereen ass do invitéiert.

De 14. Juni ass dee groussen Dag an am Fong ass dat och den Ofschloss vun de Feierlechkeete vum Centenaire.
Mir wäerten do eist Gebai feieren, mir wäerten eist Gebai opmaachen, mir wäerte Visitte vun eisem Gebai maachen. Mir hu wëlles eng Zäitkapsel ze vergruewen, deen Dag wou verschidden interessant Dokumenter an Objetë wäerten drakommen. Mir hunn awer och fir Ënnerhalung gesuergt, notamment wäert d'Escherstad Musek e Concert -Apero spillen an der Mëttegstonn an am Laf vum Nomëtten um dräi Auer wäert Benny an the Bugs hei optrieden, fir gutt Stëmmung ze suergen.

Natierlech gëtt et dann och e klengen offiziellen Deel, mat enger Ried vum Direkter vum LGK an e Gebuertsdagkuch dierf och net feelen.  Dernieft ginn et och e puer Ausstellungen, déi extra fir déi 100 Joer op d'Bee gestallt ginn.
Mir hunn eng Autosausstellung vun deene leschten honnert Joren normalerweis deen Dag. Mir hunn eis Coiffeuren, déi hunn eng Ausstellung vun de Coiffure vun deene leschten 100 Joer nogemaach a fotograféiert a mir wäerten natierlech probéiere bis dohinner eis Fotoausstellung fäerdeg ze hunn, wou mer alles wat mer esou fonnt hunn an eisen Archiven, kënne weisen.

Ëm hallwer 12 geet et de 14. Juni lass, an am beschte wier et, et géif een sech do umelle wann ee wëll derbäi sinn.
Umelle kann een am einfachsten, wann een op eise Site geet op LGK.LU, do ass direkt op der éischter Säit, kann ee klicken, fir op déi Säit ze kommen, wou och déi Informatiounen nach eng Kéier stinn a wou ee sech soll am beschten virum 15. Mee melle fir ze soen hei, mir kommen. Dir kënnt mat der Famill kommen, dir kënnt mat de Kanner kommen, et ass och e Sprangschlass virgesinn an Animatiounen e bësse fir si. 

Place to be ass de Lycée Guillaume Kroll!
Mir wäerten en Zelt an eisem Haff opriichten, mir wäerten awer dat ganzt Gebai opmaachen an eeben derfir suergen, dass déi Leit, déi eventuell nach guer net hei waren, well se an engem anere Gebai vum LTE oder der EPE Schüler waren, datt se d' Gebai kënne kenne léieren, mee natierlech ass awer och dobausse fir Animatioun gesuergt.  

Dat lescht Joer am Wanter sinn d'Festivitéite fir den 100. Anniversaire ugaangen.
De 14. November 2024 hate mer de Kick-off, wat eng Science académique war, wou mer d' Chance hate fir déi 3 fréier Direkteren, déi nach liewen, den Nico Haupert, den Nick Alff an de Gilles Engel hei ze begréissen a wou eeben u sech e Réckbléck op déi lescht honnert Joer Lycée Guillaume Kroll geheit ginn ass a wou awer och dann eeben d'Aussiicht op d'ganzt Joer vu Festivitéite virgestallt gouf.

Am Mäerz hate mer eisen traditionelle Relais pour la vie, wou mer eis eis Zil gesat hätte fir den Anniversaire, eise Montant vum leschte Joer eigentlech ze iwwerschreiden a mir wollten op déi 25.000 Euro kommen an do hate mer wierklech awer vill Klengegkeeten organiséiert fir do driwwer ze kommen. Mir sinn op 36 .000 Euro komm, déi eis Schüler gesammelt hunn. Dat ass onwarscheinlech vill an do ware mer wierklech frou fir d'Fondation Concert an elo am Juni kënnt dann de 14. Juni dat Konveniat. Mir haten natierlech dertëscht och eng Aktioun 100 Joer, 100 Beem, dat heescht Enseignanten, Personal, Schüler konnten Sue sammele fir déi 100 Beem an déi ginn an all den Nopeschgemengen dann hei geplanzt elo wärend deem Anniversaire-Joer.

An dann fir deenen 100 Joer d'Kroun opzesetzen, gëtt et och e Buch.

Mir wëllen dat Buch awer eréischt no eisem Centenaire erausginn, well mer d'Festivitéiten och wëllen domat abannen an op dëser Plaz dofir awer och nach eng Kéier en Opruff fir all déi Leit, déi sech elo ugesprach fillen, well se am LGK, am LTE oder an der EPE Enseignant oder Schüler waren. Wa se nach Dokumenter, Fotoen oder Spiichten ze zielen hunn, da solle se eis dat wgl. matdeelen. Iwwert de Site vum LGK kënne se do hire Commentaire hannerloossen.

Hei kommt dir bei weider Detailer an do kënnt Dir Iech och umellen