Guer keng Fro: Englesch ass d'Sprooch vun der internationaler Wëssenschaft. Et gëtt keen Austausch ënner Fuerscher, kee Kongress, keng Publikatioun an internationalen Zäitschrëften, ouni dass se an der Sprooch vu Shakespeare an Edgar Allen Poe gedréckt sinn. Ma wat fir d'Scientific Community eng Vermëttlung a friemer Sprooch ass, ass fir den Normalbierger mëttlerweil zum Slang ginn, eng modern Mëschung tëscht, Däitsch- oder Lëtzebuergesch an englesche Sproochelementer - Denglesch oder Lenglesch genannt.

05/05/2025 Denglesch a Lenglesch - déi nei Sprooch?

Hei ginn englesch Begrëffer och der däitscher Grammatik ënnerworf, wéi recycelt, outgesourct, gemeetet. Ee vun de beschte Beispiller ass en Interview, deen d'Moudedesignerin Jil Sander viru Joren an der FAZ ginn hat, hei e klengen Extrait:

Denglisch-Beispiel – Jil Sander im Magazin der FAZ

„Mein Leben ist eine Giving-Story. [...] Meine Idee war, die hand-tailored-Geschichte mit neuen Technologien zu verbinden. Und für meinen Erfolg war mein Coordinated Concept entscheidend, die Idee, daß man viele Teile einer Collection combinen kann. Aber die Audience hat das alles von Anfang an supported. [...] Wer ladyisches will, searcht nicht bei Jil Sander. Man muss Sinn haben für das Effortless, das Magic meines Stils.“

Déi offensichtlech Lächerlechkeet vun esou engem Sprochstil ass déi eng Säit, déi aner ass nach méi wichteg, nämlech de Manque u Versteesdemech déi esou eng Kommunikatioun mat sech bréngt, d'Sarah Hess aus dem LOD erklärt:

Am grousse Ganze fannen ech natierlech eng gutt Saach. Mee ech sinn e bësse beaflosst vum Engleschen, well ech och laang do gewunnt hunn an och an enger Famill lo liewen, wou mer Englesch Lëtzebuergesch schwätzen. Dohier begréissen ech ëmmer dat Englescht. Mee a ville Fäll ass et einfach e bësse lächerlech, well et iwwerdriwwe gëtt. Wéi virun e puer Joer op eemol e Cringe komm ass, hunn ech geduecht, okay, dat kléngt awer elo komesch. Also, fir mech ass et e ganz normale Begrëff, well ech deen och vill aus England kënnen. Mee wann se dann iergendwéi sou schwätzen, sou e bësse Lëtzebuergesch -Franséisch -Mix, da kënnt op eemol e Cringe dertëschent, dann denkt een, wow, dat kléngt iergendwéi och e bësse cringy, gell?

Wann een e bëssen an d'Vergaangenheet kuckt, fënnt een awer ganz vill englesch Begrëffer, déi sech fest etabléiert hunn, denkt een nëmmen u Cool, Weekend, Freezer, Milkshake, Babysitting oder Printer.

Et si verschidde Saachen, wéi gesot, wou ee sech d'Fro guer net stellt. Mir schwätze jo och vun engem Bestseller, géing een net en Beschtverkeefer soen? An do ass dat am Fong jo ganz normal an ech mengen dat kéint een och iwwerall soen, ouni dass ee komesch géing gekuckt ginn. Et ass éischter effektiv bei deene Wierder, wou een dann d'Form muss e bëssen änneren, eeben da bei engem Verb wou een dann d'Endung muss dru setzen oder jo, esou e Participe passé, - ech hunn dat downgeload oder gedownload, dat kléngt natierlech e bësse lusch.

Am Lëtzebuergeschen hu mer souwisou schonn en Afloss vun anere Sproochen, dat Däitscht a Franséischt ass genee esou integréiert. Dofir kann een et d'Lenglesch och als Beräicherung an Alternativ gesinn. Den Challenge, Defi oder d'Erausfuerderung ass da just, fir d'Wieder och esou ze placéieren, dass dat Ganzt Sënn ergëtt. Well Malentenduen aus der Reklammewelt si relativ berüchtegt. "Come in and find out“ haten Agencen fir d'Parfümerie Douglas geschriwwen. D'Clienten haten deemools verstanen: Komm eran a fann erëm eraus.