Wa Jugendlecher sech ënnerhale, steet esou munch Erwuessenen dacks dernieft a ka just mam Kapp rëselen: Wat schwätzen déi do? Déi Jonk markéieren d'Ëmgangssprooch ganz besonnesch a kreéieren nei Wieder a Riedensaarten oder si notzen al Wieder an neie Kontexter.

05/05/2025 Smash, Cringe & Sheesh - d'Jugendsprooch an hir nei Wieder

Et gëtt awer net déi eng Jugendsprooch. Am Fong sinn et Wieder, déi sech net nëmme vu Generatioun zu Generatioun ma och vu Regioun zu Regioun, esouguer vu Kolleeg zu Kolleeg ënnerscheeden.

"Goofy, NPC, Side Eye, Aura, Low Key, Digger, Slay. - Are you YouTube? Because I want you to be mine."

D'Melissa Mujkić schreift de Moment eng Dokteraarbecht iwwer d'Jugendkommunikatioun op der Uni Lëtzebuerg an analyséiert d'Lëtzebuerger Sprooch a wéi déi Jonk matenee schreiwen:

Wat och einfach e Charakteristikum vu Lëtzebuerg ass, ass d'Méisproochegkeet. Dat heescht, se ass immens méisproocheg. Et komme fofzéng Sproochen a mengen Donnéeë vir. Wat och interessant ze gesinn ass, si mësche ganz gär mat de Sproochen. An engem Saz muss net just Lëtzebuergesch virkommen, mee da kann och mol en englescht Wuert virkommen oder e portugisescht. Also dat hänkt dann dovunner of, wat fir Sproochkompetenzen déi jeeweileg Persounen hunn.

D'Jugendsprooch entwéckelt sech och permanent weider. Wat grad nach "cool" oder "gäil" war, ass haut éischter "tight" an da schonn nees "lit". Domat huet och all Generatioun hir eege Jugendsprooch.

Ech gesinn, dass sech d'Sprooch och allgemeng ganz schnell verännert, dass déi Jonk och mat der Zäit ginn, also dat heescht, wéi mir vläicht fréier geschwat hunn, maachen déi Jonk dann haut warscheinlech anescht. Et sinn och Phenomener, déi mat der Zäit ginn, ech menge ganz bekannt Wuert ass do "Cool", dat sech elo etabléiert huet, wou den Ursprong an der Jugendsprooch war.

Déi Jonk schreiwen a schwätzen awer och esou, fir sech mat der Grupp z'identifizéieren, vläicht och fir sech e bësse vun den Erwuessenen ofzegrenzen. Wann een hir Sprooch awer wëll verstoen, kann een se och gäre froen:

Aus menger Erfarung hunn ech gemierkt, dass se mer gär erkläert hunn, wat déi Wierder bedeiten, wou ech mat hinnen Chats gesammelt hunn, well mäi Projet baséiert op hire perséinlechen Chats. Do sinn och vill Saache virkomm, déi ech selwer nach net verstanen hunn, well se eeben nei waren. An, jo, si hu mer se einfach gären erkläert an hunn och gesot, dass se esou ënner sech schwätzen a mat Erwuessenen géife se schonn direkt en anere Stil da benotzen.

Fir nach e klengen Abléck an den Dictionnaire vun deene lëschtege Wieder ze kréien: "Fermentéieren" ass iwwregens kontrolléiert Lidderegkeet, e "Fleeschdesigner" ass e Chirurg, "tacken" ass wann een op der Toilette Noriichte schéckt, also eng Kombi aus texten a kacken, an e "Smombie" ass een deen näischt méi vu senger Ëmwelt méi matkritt, well en nëmmen op säi Smartphone kuckt.